D'CSV-DP Regierung ass "wirtschaftsliberal"
E Méindeg de Moie war d'politesch Rentrée Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir hunn eng wirtschaftsliberal Regierung, déi deels vun der adr ënnerstëtzt gëtt. Dat gëtt mer ze bedenken, esou déi Gréng Deputéiert Sam Tanson am RTL-Interview e Méindeg de Moien.
Wat de Klimaschutz ugeet, deen de Sondagen no nach ëmmer eng Prioritéit bei de Leit géing bleiwen, do huet d'Sam Tanson Feeler bei der Approche vun der Regierung detektéiert. Déi Gréng begréissen, datt Schwaarz a Blo un de Klimaziler festhält. Par konter bedauere se, datt zum Beispill Primme fir Elektroautoen an den Energiedeckel zeréckgeschrauft ginn. D'Reduktioun vun de Primme géing dozou féieren, datt Leit awer riskéieren aus ekonomesche Grënn Autoen ze kafen, déi méi polluéieren. D'Eroffuere vum Energideckel géing iwwerdeems Leit bestrofen, déi op Stroum gewiesselt wieren.
D'Sam Tanson huet allgemeng déi richteg Akzenter fir e gerecht Ëmverdeele vum Räichtum vermësst. Déi Gréng Deputéiert huet sech och en Vue vum éischte richtege Budgetsprojet vu schwaarz-blo gefrot, ewéi déi ugekënnegt steierlech Entlaaschtunge fir Betriber solle géigefinanzéiert ginn. An ob déi tatsächlech, ewéi d'Regierung et jo hofft, e positiven Impakt op d'Ekonomie wäerten hunn.
Rentendebatt eng Näiddebatt
Och bei de Rente géing sech d'Gerechtegkeetsfro stellen. D'Sam Tanson fënnt et wier ee schonn an enger "Näiddebatt" ukomm, well déi sougenannt héich Rente kéinten a Fro gestallt ginn. Si wéisst gär, wat iwwerhaapt dann déi mëttel an héich Rente wieren, well just 1% vun de Renten am Privatsecteur iwwer 7.000 oder 8.000 Euro leien. Amplaz just iwwert d'Ausgaben ze schwätzen, misst een an hiren Ae och iwwert nei Recettë schwätzen.
Caritas - “Laissez-faire” vun CSV an DP
Wat d'Caritas-Affär ugeet, huet d'Sam Tanson kritiséiert, datt d'Regierung déi international Projete fale léisst, déi de Staat jorelaang awer mat finanzéiert hätt. Déi Gréng sinn der Meenung, datt de Staat do "absolut" hätt misse seng Verantwortung iwwerhuelen. D'Attitüd vum Ausseminister Xavier Bettel géing weisen, datt d'Regierung just géing nokucken.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.