"D'Bréifdréier wäerten hiert Recht bis zum batteren Enn akloen"
E Mëttwoch de Moien waren d'Bréifdréier Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et wier eng Diskriminéierung vum Bréifdréierberuff an d'Bréifdréier géifen hiert Recht bis zum batteren Enn afuerderen. Dat sot de Raymond Juchem, President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, e Mëttwoch de Moien am RTL-Interview.
320 Bréifdréier, déi am ëffentleche Statut sinn, hunn elo beim Verwaltungsgeriicht Recours gemaach. Si kréien nämlech zanter Joerzéngten hir dräi Joer Militärdéngscht net ugerechent - anescht wéi aner Beruffsgruppen, wéi Giischtercher oder Douanieren zum Beispill.
Den Opwand vum Recours wier fir all déi Implizéiert enorm. Si géifen dat och an hirem eegenen Numm maachen, et selwer bezuelen, wären awer all Member an der Gewerkschaft. Et wier een och nach ëmmer prett fir den Dialog. Bis ewell hätt sech den zoustännege Minister Serge Wilmes awer net derfir interesséiert.
Aktuell ass och e Gesetz ënnerwee, dat eng Hausse vu Primme vun 12 Punkte virgesäit. Dat géif de Concernéierten awer net duer goen. Dat wieren zwee puer Schong, ënnersträicht de Raymond Juchem.
Bréifdréier-Beruff am Wandel: Zukunft läit am Beräich vum Colis
Eng 100 Millioune Bréiwer ginn nach ëmmer all Joer vun der Post verdeelt. De Courrier hëlt awer of, eng 5 Prozent d’Joer. De Beruff vum Bréifdréier hätt sech also geännert a wier am Wandel. 352 Tournéeë gëtt et am Land, derbäi kommen nach een Drëttel Remplaçanten.
De Bréifdréier géif awer nach ëmmer gebraucht ginn, seet de Raymond Juchem, mä d’Zukunft géif kloer am Beräich vum Colis leien, also vun de Päck. 7 Millioune Päck d’Joer sinn et aktuell. Een Drëttel dovunner verdeelt de Bréifdréier. D’Reklamme par Konter, déi hunn zanter dësem Joer massiv ofgeholl.
Zanter dem Januar muss ee jo ausdrécklech op d’Boîte schreiwen, datt ee Reklamme wëll. Deemno ass just nach een Drëttel iwwreg bliwwen, wou mer musse Reklamme verdeelen, sou de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.