"Eis Zukunft ass onkloer"
En Donneschdeg de Moie waren déi international Aktivitéite vun der Caritas Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Eis Zukunft ass ganz onkloer, mer hunn awer iwwerhaapt keng Zäit, doriwwer nozedenken", dat sot de Michael Feit den Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De Chef vun der Internationaler Kooperatioun bei der Caritas huet erkläert, dass ee kuckt, fir esouvill wéi méiglech Projeten ze retten. An der neier Struktur HUT ginn déi international Aktivitéite jo net iwwerholl.
D’Kontrakter, déi ee schonn ënnerschriwwen huet, deels mat der EU, deels mat der UNO, déi wéilt een anhalen. Dozou géif ee stoen an déi Responsabilitéit wéilt een net ofginn, erkläert de Michael Feit. Aktuell hätt hie seng Pai och nach kritt. Hie géing och dovun ausgoen, dass hie wieder géing bezuelt ginn, mee fir wéi laang wéisst hien net. Dat wier fir hie perséinlech net dramatesch, hie géing noutfalls och als Benevole weiderschaffen. Am Südsudan wäerten zéngdausende Stéit, also 40.000 Leit, net méi kënne mat Liewensmëttel versuergt ginn. Am Bangladesch géingen elo dausende Stéit kee Som méi kréien. Dat wier deels ganz dramatesch.
Wäit iwwer 60 Projeten
Et géif hien traureg maachen, dass et d’Caritas an Zukunft net méi wäert ginn. D’Roserei op alles, wat geschitt ass, géif hie probéieren, a Kraaft ëmzesetzen, fir ze versichen, den Impakt op d’Beneficiairen esou geréng wéi méiglech ze halen, erkläert de Michael Feit. 55 Leit am Südsudan a 35 am Laos verléieren hir Aarbechtsplaz. An et wier natierlech net einfach, de Partner ze erklären, dass d’Zesummenaarbecht geschwënn net méi méiglech ass.
De Minister hätt ëmmer vun 28 Caritas-Projete geschwat an 5, déi net konnte gerett ginn. Dat wier natierlech eng Fro vun Definitioun, erkläert den Invité. D’Caritas hätt nämlech wäit iwwer 60 Projete gehat. Vill Projete wieren elo ausgelaf an do hätt een net méi kënnen an déi nächst Phas goen. Dat wier extrem traureg, grad op Plaze wéi der Gazasträif oder Syrien. Mee et misst een houfereg drop sinn, dass een de Gros vun de Projeten direkt an den éischte Woche konnt retten, duerch dat grousst Netzwierk vun der Caritas-Famill.
Firwat kann de Projet am Südsudan net iwwerholl ginn?
Et wier net esou einfach, e Projet ze iwwerhuelen. Grad an engem Biergerkrichsland. Do bräicht ee speziell Kompetenzen a gutt Relatioune mat den Autoritéiten, fir Autorisatiounen ze kréien. Och fir Suen dohin ze schécken, wier net evident. Et wier jo och e Land, dat ënner Embargo-Konditioune géing stoen. Do wier et normal, dass keen de Fanger géing ausstrecken.
De Caritas-Büro wier do scho viru 15 Joer opgemaach ginn an huet zwee Schwéierpunkten: de Gesondheetsberäich an den Narungsmëttelberäich. Déi hollännesch Caritas géing Punkto Gesondheet eng Iwwergangsfinanzéierung maachen. 20.000 Euro hätt een dofir och vu Caritas Japan kritt. Och den Ausseministère wier derbäi ze kucken, fir eng nohalteg Léisung ze fannen. Haaptproblem wier einfach, dass een natierlech keng Sue méi vun de Vereenten Natioune géing kréien, well een d'Krittären dofir net méi géing erfëllen, erkläert de Chef vun der Internationaler Kooperatioun bei der Caritas.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.