E Freideg de Moie waren d'Beruffsausbildung an d'Reform vun der Voie de Preparation Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Demande fir déi nei Formatioun fir Educatrice oder Educateur ze ginn, war immens héich. Dat sot d'Direktesch vum Lycée Bel-Val, d'Astrid Schuller e Freideg als eis Invitée vun der Redaktioun. Déi Ausbildung gëtt zanter dëser Rentrée ugebueden, fir der Penurie an deem Secteur entgéintzewierken. Dat géing och gutt fonctionéieren, well sech wesentlech méi Schüler ugemellt hunn, wéi de Lycée iwwerhaapt unhuele konnt. Ma do hätt een awer mam LTPES zu Miersch gekuckt, wéi een d’Plazen am beschte géing verdeelt kréien, fir méiglechst ville Schüler a Schülerinnen d’Méiglechkeet ze ginn, hir Formatioun unzefänken. Dat hätt och gutt geklappt.

Och den DAP Inclusion, deen dës Rentrée an dat zweet Léierjoer gaangen ass, hätt vill Succès. Dat wier wichteg, well et um Terrain e Manktem bei de sougenannten "agents d'inclusion" géif ginn. Dat si Leit, déi mat Kanner oder Erwuessener mat spezifesche Besoinen, schaffen. Dëst Joer hunn d'Schülerinnen a Schüler och eng Léierplaz misse sichen, dat hätt dann och fir jidderee geklappt.

Eng Reform vun der Voie de Préparation ass néideg 

D'Voie de Preparation, also de fréiere Modulaire soll reforméiert ginn. Dat hat den Educatiounsministère fir d'Rentrée ugekënnegt.

D'Direktesch vum Lycée Bel-Val, d'Astrid Schuller, begréisst dat. Do kéimen elo Aarbechtsgruppen zesummen. De Profil vun de Schüler, déi an der Voie de Préparation sinn, wier haut immens villfälteg.

Fréier waren dat Jonker, déi an den zwou Sproochen net sou gutt waren an dowéinst doranner méi hu misse gefuerdert ginn. Do wier et och reegelméisseg de Fall gewiescht, dass een duerch déi Fuerderung an de Général wiessele konnt. Haut sinn och vill Jonker mat Besoins Spécifiques an der Voie de Préparation. Landeswäit wieren dat ëm 60 Prozent vun de Schülerinnen a Schüler. Dat géing d'Enseignantë viru vill Erausfuerderunge stellen. Si géinge sech fir dëse Profil net genuch ausgebilt fillen, fir deenen Ufuerderunge gerecht ze ginn. "Dat féiert dann dozou, dass mer engagéiert Leit hunn, déi ausbrennen", esou nach d'Astrid Schuller. Am Kader vun enger Reform misst awer och de Programm op de Leescht geholl, an un d'Besoine vu haut ugepasst ginn.

D'Schoul huet e Bildungsoptrag

Fir déi politesch Bildung vun de Schüler hätt d’Schoul eng wichteg Roll. Et hätt een e Bildungsoptrag, fir d’Schüler zu mëndege Bierger ze erzéien, seet d’Astrid Schuller.

Den Direkter vun der Akerbauschoul, den Tom Delles, an och d'LTPES-Direktesch Claudine Muller, hate sech rezent jo ëffentlech géint Rietspopulismus oder och nach géint faschistesch Tendenzen ausgedréckt. Aussoen, mat deene si liewe kéint. "Ech fannen, dass den Direkter och de Rôle huet, fir op esou Geforen hinzeweisen." 

D’Schoul hätt nämlech den Optrag, fir op d'Gefore vun esou Tendenzen hinzeweisen. Dat géing souwisou jo och an de Coursen thematiséiert ginn. D'Direktesch vum Lycée Bel-Val huet an deem Kader däitlech erënnert, dass Konsequenze vu Rietsextremismus, wéi se sech an den 30er a 40er Jore gewisen hunn, onbedéngt misste verhënnert ginn. Dat géing och duerchaus der Roll vun der Schoul an der Gesellschaft entspriechen.

Invité vun der RTL Redaktioun: Astrid Schuller

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.