"D'Chamber däerf och keen Twitterparlament ginn"
E Mëttwoch de Moie waren d'Lieutenance vum Ierfgroussherzog an d'Aarbecht an der Chamber Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Diskussiounen an der Chamber solle méi lieweg ginn. "Ech wëll, datt mer méi Rhythmus kréien, datt mer méi séier ginn", sot e Mëttwoch de Moien de Chamberpresident Claude Wiseler. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun an der Woch vun der parlamentarescher Rentrée.
D’Debatten iwwer déi grouss Gesetzprojete goufe vun 150 op 90 Minutte gekierzt. D’Deputéiert missten Zäit kréien, fir hir Meenung ze soen. Dofir wären annerhallef Stonn fir 7 Fraktiounen a Sensibilitéite plus Rapporter a Regierung awer néideg, fir eng Diskussioun uerdentlech ze féieren. D'Chamber dierft och keen Twitterparlament ginn, fënnt de Claude Wiseler. Déi technesch Detailer sollten awer an de Kommissioune gekläert ginn. Vu Januar u wäerten et Woche gi mat nëmme Kommissiounssëtzungen a Wochen, wou nëmme Plenarsëtzunge sinn, deen Ament och moies.
Ass den Toun an der Chamber méi rau ginn?
Den Toun an der Chamber wär villäicht schonn e bësse méi hefteg ginn, huet de Chamberpresident no sengem éischte Joer an där Funktioun gemengt. Rau wär et awer och schonn an der Vergaangenheet mat Momenter gewiescht. Dat wär u sech näischt Aussergewéinleches. Respekt misst awer do sinn, soss géif d’Chamber e schlecht Bild ofginn. De Chamberpresident ass responsabel fir dat, wat an der Chamber geschitt. Dobaussen – och op de soziale Medien – ass den Deputéierte fir sech a säin Toun zoustänneg. Hien hätt do näischt ze soen, mä géif sech awer wënschen, datt all Deputéierte sech och baussent dem Parlament seng eege Reegele gëtt. Et hätt een als Volleksvertrieder eng extra Funktioun a géif an der Fënster stoen an deem sollt ee Rechnung droen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.