E Freideg de Moie war déi mental Gesondheet Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter e Méindeg lafen d'Semaines de la santé mentale mat Fokus op de psychesche Problemer vu Kanner a Jugendlechen. Dofir war de Fränz D'Onghia de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Hien schafft als Psychotherapeut fir d'Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène mentale.

Ongeféier 20 Prozent vun de Jonken tëscht 10 a 24 Joer sinn der Weltgesondheetsorganisatioun no am Laf vun engem Joer mat psychesche Problemer konfrontéiert. D'Demanden, fir Hëllef ze kréien, wieren deementspriechend immens an d'Luucht gaangen an dat géing och weisen, wéi vill Lacunnen et nach an eisem Versuergungssystem ginn.

Et wier natierlech schwéier ze soen, ob Jonker haut wierklech méi leide wéi nach fréier, oder ob se einfach besser sensibiliséiert sinn a sech doduerch och éischter manifestéieren. Donieft géing een an der Fuerschung och gesinn, dass Leit haut d'Tendenz hätten, hiren Zoustand ze "iwwer-pathologiséieren". Si hätten also vläicht 1-2 Symptomer, mee dat géing net duergoen, fir vun enger Diagnos ze schwätzen. An duerch déi Symptomer géinge se dann dat Verhale vun engem, deen eng Diagnos huet, adoptéieren an da verschlëmmere sech d’Symptomer.

Grouss Ënnerscheeder tëscht de Geschlechter

Bei den Depressiounen an den Angschtstéierunge wieren zweemol méi Meedercher betraff. Am Ganze leide ronn 4 bis 5 Prozent vun de Meedercher un Depressiounen a ronn 10 Prozent un Angschtstéierungen. Bei de Jonge wier et allkéiers d'Hallschent. Dogéint wieren d'Jongen awer méi dacks mat Sucht-Problemer konfrontéiert: Alkohol, Drogen etc.

Natierlech géingen et Ursaache fir déi Geschlechter-spezifesch Ënnerscheeder ginn. Notamment den Ëmgang vu Jonken an der digitaler Welt. Meedercher géingen däitlech méi dacks Fotoe vu sech selwer posten a sech domat exposéieren. Donieft hätten d'Meedercher awer meeschtens och e besseren Ëmgang mat hirer Gesondheet a géingen dofir och éischter iwwer hir psychesch Problemer schwätzen.

Onsécher an onreguléiert, digital Welt

Et ginn eng ganz Rëtsch Facteuren déi d’Hausse vun de mentale Problemer kënnen erklären: virop déi onsécher an onreguléiert digital Welt. Donieft liewen déi Jonk vun haut an enger Welt déi wierklech net einfach ass, mat ganz ville Stressfacteuren: Klimawandel, Schwieregkeet eng Aarbecht ze fannen, Ongläichheeten tëscht Generatiounen, Problemer fir eng Wunneng ze fannen etc. Natierlech hätt och d’Pandemie een Impakt gehat.

Aus engem soziologesche Bléckwénkel gekuckt, wier et och e Problem, dass dës Generatioun (Leit tëscht 15 a 30 Joer) immens geschützt ginn ass. Stéchwuert "Helikopter-Elteren", déi op alles oppassen an d’Kanner musse mam Auto bis bei d’Schoul féieren. Déi "Bulle de protection" wier net gutt, gëtt de Psychotherapeut ze bedenken. D’Liewe wier nu mol komplizéiert mat Héichten an Déiften an als Kand misst een och léieren, déi Saachen ze geréieren.

Suicide-Tentativë bei Jonke sinn alarmant héich

An der HBSC-Etüd hunn haut scho bal e Véierel vun de Lycées-Schüler uginn, am leschte Joer Suicide-Gedanke gehat ze hunn. An enger Klass vun 20 Schüler, sinn dat der fënnef. Dat ass e reelle Problem, erkläert de Fränz D’Onghia. 
Wann een d’Zuele vun 2022 kuckt (déi lescht disponibel Zuelen), da gouf et ënnert de Jonken tëscht 15 a 29 Joer am Ganze 35 Doudesfäll an dovunner 13 Suiciden.

De Suicide ass bei Jonken d’Doudesursaach Nummer 1.  Dat ass alarmant, sou de Psychotherapeut. Dofir muss an de nächste Jore vill a punkto Preventioun vu psycheschen Erkrankunge geschéien. Hannert engem Suicide géing nämlech a 90 Prozent vun de Fäll eng psychesch Erkrankung stiechen.

Preventioun: "Break the silence"

Et wier wichteg, op Preventioun ze setzen an den Dialog ze sichen. Dat gëllt fir déi ganz Populatioun, ob dat elo Enseignante sinn oder Elteren oder d'Traineren aus de Veräiner, oder all aner Erwuessenen, deen een Afloss op Jonker huet. Schwätzen, "break the silence" a sech opzemaachen, fir iwwert d' Santé mentale ze diskutéieren, wier den A&O.

Et misst een de Jonke weisen, datt et an der Rei ass, sech mol schlecht ze fillen, datt et och an der Rei ass, wann een engem schlecht geet, no Hëllef ze sichen an dass et och an der Rei ass, bei e Professionellen an der Santé mentale ze goen, sou de Fränz D'Onghia vun der Ligue Luxembourgeoise d’Hygiène mentale. 
 
Wie Problemer mat senger mentaler Gesondheet huet, fënnt hei Hëllef:

Invité vun der Redaktioun: Fränz D'Onghia

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.