"Frechheeten op Lëtzebuergesch komme ganz gutt un"
E Méindeg de Moie war d'Lëtzebuerger Sprooch Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Lëtzebuergesch fit kréie fir d'Digitalisatioun a fir d'Kënschtlech Intelligenz. Dat ass haut de gréissten Defi fir d'Lëtzebuerger Sprooch, erkläert den Alexandre Ecker. Den neien Direkter vum Zenter fir d’Lëtzebuerger Sprooch war e Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
Et géif drëm goen, gutt Donnéeën ze produzéieren, fir déi nei digital Systemer ze fidderen. Fir, dass déi Systemer och eng "gutt" Lëtzebuerger Sprooch beherrschen. An anere Sprooche ginn et scho ganz gutt Erkennungsprogrammer, wou ee kann an den Telefon schwätzen an dann eng SMS geschriwwe gëtt. Och fir d'Lëtzebuergesch géing et schonn esou e Programm ginn, d'Schreifmaschinn, an dee géing och gutt fonctionéieren. Donieft géif d'Uni Lëtzebuerg un engem weidere Programm schaffen. Déi Systemer géinge souguer mat den Dialekter vun der Lëtzebuerger Sprooch eens ginn, erkläert den Invité.
An deem Kontext géifen et och Kontakter mat groussen Technologiesentreprise, wéi Apple a Google ginn. Déi wieren awer net u fäerdege Sproocherkennungsprogrammer interesséiert, mee wëllen Daten, déi geliwwert ginn, an hir eege Systemer integréieren.
“Gare la box”, “maach keng Fisematenten”
Et gi ganz vill flott al Lëtzebuerger Wieder a fir, dass déi net ausstierwen, misste se einfach benotzt ginn. Et sinn d'Spriecher déi d'Sprooch maachen, erkläert den Alexandre Ecker. Vum ZLS aus hätt een och eng flott Serie "Lëtzebuerger Wuertschatz" op d'Bee gestallt, wou een och eeler Ausdréck opgräift déi um verschwanne sinn. Awer net nëmmen. Et hätt een zum Beispill och e Band geplangt iwwer d'Jugendsprooch. Op de Walfer Bicherdeeg wäert ee geschwënn nees eng Rei nei Projete presentéieren.
Lëtzebuergesch ass eng lieweg Sprooch
Dat ënnersträicht den Direkter vum ZLS. An deem Kontext wier et och normal, datt zum Beispill ëmmer méi Anglizismen hire Wee an d'Lëtzebuergescht fannen.
Engersäits well et nei Saache sinn, fir déi et kee Lëtzebuerger Wuert gëtt. Parade-Beispill wier d'Informatik, wou een eng Hellewull Wierder bäikritt hätt, well do Saache beschriwwe ginn, déi aus dem angelsächsege Raum kommen. Dat wier eng ganz normal Evolutioun. Dat géing een och am Däitschen an am Franséische gesinn.
Anerersäits wieren Anglizismen normal, well déi Jonk dës Wieder benotzen an et wieren eben d'Spriecher, déi eng Sprooch maachen. Den Zenter wier do, fir dat ze observéieren an ze begleeden. Wann ee géing gesinn, dass e Wuert sech wierklech esou etabléiert huet, dass et fir jiddereen normal gëtt an net méi opfälleg ass, dann hätt et eben eng Plaz am LOD, dem Lëtzebuerger Online Dictionnaire.
Vill nei Projeten am ZLS
Am LOD géing ee ganz geschwënn eng nei Sprooch mathuelen. Wéi eng dat ass, wollt den Direkter vum ZLS nach net verroden. Donieft wéilt een d'Serie vum Lëtzebuerger Wuertschatz viruféieren.
Rezent wier e Band fir "GES-Wieder" erauskomm, also Gedeessems, Gefisems a Gedruddels. Geschwë wäert och e Band iwwer Déieren am Lëtzebuergeschen erauskommen an e Band iwwer Frechheeten. Et hätt een nämlech gemierkt, dass Frechheete ganz beléift sinn. Wann ee kuckt, wat am meeschten am LOD gekuckt gëtt, da wieren et ganz eendeiteg Frechheeten, sou den Alexandre Ecker, den neien Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.