En Dënschdeg de Moie war déi Gréng Partei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir hunn dat lescht Joer e ganz breeden an intensive Prozess gemaach mat all eise Memberen. Mir ware ganz kritesch mat eis selwer an ech géif mer wënschen, dass och aner Parteien dat géinge maachen. Hie wier houfreg an enger Partei ze sinn, déi hir Waldefaite esou éierlech opgeschafft hätt. Dat sot de François Benoy zu de schlechte Resultater vun déi Gréng aus de Gemengen- a Chamberwalen zejoert. Den neie Co-Parteipresident war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun.
 
Et hätt een an der Regierung zwar vill geschafft an deene Ressorten, wou ee Verantwortung hat, mee et hätt ee vläicht heiansdo de Kapp ze vill am Guidon gehat an ze vill laanscht d'Leit dobausse geschwat. Zum Deel hätt een och Sujeten negligéiert, déi de Grénge Stammwieler wichteg wieren, sou de Politiker. 
Corona, Energiekris, Inflatioun: Haaptfacteur fir hir Defaite wier virop een net favorabelt Ëmfeld fir Déi Gréng gewiescht. Dat hätten déi politesch Géigner och radikal ausgenotzt.

No de Walen hätten awer net vill Leit d'Partei verlooss. Au Contraire d'Memberszuele wieren an der leschter Zäit an d'Luucht gaangen. Hie kéint sech och net drun erënneren, dass ee jee souvill Kandidature gehat hätt, fir an de Parteigremie matzeschaffen.

Eis op gréng Wäerter fokusséieren

Méi Gerechtegkeet, staarken Ëmweltschutz an eng méi inklusiv Politik fir e bessert Zesummeliewen. Dat wiere weiderhi Sujeten, déi de Leit wichteg wieren. D'Politik vum Stëllstand géing eis keng Léisung ginn an dat misst een de Leit weisen. Am leschte Joer wier kloer ginn, dass mer aktuell eng Regierung hunn, déi fir déi Leit schafft, deenen et souwisou scho gutt geet. Dat géing een an alle Beräicher gesinn, mee besonnesch do, wou et déi Schwächsten an der Gesellschaft trëfft: Heescheverbuet, Platzverweis, de Sozialdialog, dee mat Féiss getrëppelt gëtt oder nach an der Affär Caritas.

Sinn déi Gréng eng Verbuetspartei? 

De Reproche vun der Verbuetspartei léisst de Grénge Politiker net gëllen. Wann een iwwer Spaassbremse géing schwätzen, misst ee just kucken, wien elo d'Primme fir Elektroautoen iwwer d'Hallschent reduzéiert, an d'Primme fir Photovoltaikanlagen erofgesat hätt. Dat wier dës CSV-DP Regierung. Et géing net drëm goen, dass all Eenzele misst verzichten, mee d'Politik misst d'Spillreegelen änneren, fir dass jiddereen ökologesch liewe kann. Et misst ee méi nolauschteren a méi op Participatioun setzen, fir esou Akzeptanz ze schafen. Eng Politik vum Näischtmaache géif riicht an d'Mauer féieren, erkläert de François Benoy.
 
Déi Gréng: vun Hippië bis Leit mat Paltong

Déi  Gréng gëtt et zanter iwwer 30 Joer. D'Partei hätt sech natierlech vill verännert, mee d'Grondwäerter wieren ëmmer nach déi selwecht. All Mënsch kéint sech an där Partei erëmfannen: vum Hippie bis bei Leit, déi am Paltong sinn. A genee sou géing hie sech eng Partei virstellen. Et wéilt een eng Partei sinn, déi regierungsfäeg ass an déi e Maximum vu Leit begeeschtere kann, fir dass een d’Land kéint veränneren, seet den neie Co-Parteipresident vun déi Gréng.

Invité vun der Redaktioun: François Benoy

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.