E Freideg de Moie war den Entreprenariat Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

No der Corona-Pandemie traue sech nees méi Jonker, eng nei Firma ze grënnen a sech selbstänneg ze maachen, och wa se jee no Secteur mat ganz vill verschiddenen Erausfuerderunge konfrontéiert sinn, dat sot e Freideg de Moien déi nei Presidentin vun der Federatioun vun de Jeunes dirigeants d'entreprise.

D'Stéphanie Damgé ass e Mëttwoch fir ee Joer op dee Poste gewielt ginn. Lëtzebuerg stéing souguer besser do wéi de Rescht vun Europa. An engems wieren awer och d'Faillitten am éischten Hallefjoer generell an d'Luucht gaangen. Haaptsächlech waren hei och jonk Entreprisë betraff, déi et no kuerzer Zäit net gepackt hunn.

Grousst Suergekand vun de jonke Patronen: Leit fannen an halen

E grousse Problem wieren déi héich Präisser zu Lëtzebuerg. De Logement un éischter Plaz. Fir Büroen an awer och Wunnengen allgemeng ze fannen, sou d'Invitée. Déi meescht vun hire Memberen hätten anengems Schwieregkeeten, fir iwwerhaapt nach Leit ze fannen, déi bei ee schaffe wëlle kommen an déi ze halen. Verschidde Leit géife scho guer net méi op Lëtzebuerg kommen, wa se héieren, wéi deier d'Wunnen hei am Land ass.  
 
En anere Problem ass an den Ae vum Stéphanie Damgé, déi "extrem Regulatioun". Zu Lëtzebuerg an awer och an Europa. Entreprisë missten ëmmer méi Konditiounen erfëllen, wieren ëmmer méi reguléiert. Mä "mir mussen awer och nach schaffen" an de "Buttek muss awer lafen", seet d’Presidentin vun der FJD. Grad fir kleng a mëttel Entreprisë wier d'Regulatioun e groussen Defi.

Lëtzebuerg ass manner attraktiv ginn

Fir d'Presidentin vun der Federatioun vun de Jeunes dirigeants d'entreprise huet de Grand-Duché, trotz avantagéisem steierlechen Ëmfeld an engem stabele politeschen Ëmfeld, als Standuert un Attraktivitéit agebéisst. Do misst een immens oppassen. Lëtzebuerg an Europa allgemeng missten nees méi kompetitiv ze sinn. Fir datt d'Entreprisen innovéieren an investéiere kéinten, misst de Kader stëmmen.
 
Ugeschwat op den aktuelle Sträit tëscht dem CSV-Aarbechtsminister Georges Mischo an de Gewerkschafte wéinst de Kollektivverträg an der Sonndesaarbecht am Handel, sot d'Stéphanie Damgé, datt de Lëtzebuerger Sozialmodell, de Sozialdialog fir de Standuert ganz wichteg wier. D'Kollektivverträg sollten hirer Meenung no um Niveau vun der Tripartite diskutéiert ginn.

Ouni Reform hu mer keng Pensioune méi fir eis nächst Generatiounen

D'Invitée vun der Redaktioun begréisst dann, datt d'Regierung sech traut, fir d'Diskussioun iwwert eng Pensiounsreform ze lancéieren. Déi Diskussioun misst onbedéngt gefouert ginn. An dat scho laang. Eleng wann een d'Zuele kuckt, géif een awer gesinn, datt eng Reform néideg ass. D'Zuele géife fir sech schwätzen. A wa mer net agéiere géifen, hätte mer iergendwa keng Sue méi, fir d'Pensioune vun den nächste Generatiounen ze bezuelen.
 
D'Federatioun vun de jeunes dirigeants d'entreprise versteet sech als Stëmm vun den Entreprisen a vertrëtt mat hire ronn 600 Memberen (dovunner ongeféier d'Hallschent Aktiver ënner 45 Joer) Patronen an hir Betriber aus ganz ënnerschiddleche Secteuren.

Invité vun der Redaktioun: Stéphanie Damgé

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.