Nei Reseaustariffer: maximal 200-300 € d'Joer méi
En Dënschdeg de Moie war de Stroumreseau Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Tariffer fir d’Reseauskäschte wäerten d’nächst Joer nei berechent ginn, hat den Institut national de régulation (ILR) d’lescht Woch matgedeelt. Determinant ass ewéi staark oder intensiv een op de Reseau zeréckgräift, net onbedéngt wéini een drop zeréckgräift, esou de Generaldirekter vun der Klima-Agence, de Fenn Faber en Dënschdeg de Moien hei op RTL.
"Fir e ganz groussen Deel vun de Clientë wäert et keng Verännerung ginn", et kéint esouguer zum Deel méi bëlleg ginn, esou de Fenn Faber. De Chef vun der Klima-Agence sot awer och, datt e Client mat engem duerchschnëttleche Verbrauch an dee vill Geräter zur selwechter Zäit benotzt mat engem Plus vu maximal 200-300 Euro d'Joer misst rechnen. Kruzial ass, wéi intensiv een individuell oder als Stot, de Reseau belaascht. Den Tarif géing sech un de Verbrauch an der Vergaangenheet orientéieren.
"Mir schwätzen do vun de groussen Haushaltsgeräter": de Fenn Faber huet d’Wäschmaschinnen, Kachmaschinnen, Sauna oder den Elektroauto an d’Wäermepompel genannt. "Et soll ee sech net geckeg maachen", esou de Fenn Faber. Mee et géing drëm goen, de Gebrauch vun all deene Maschinnen oder d’Oplueden iwwert den Dag "z’etaléieren".
"Net-fossil ënnerwee sinn" nach ëmmer besser
Nieft anere Geste wier et a sengen Aen nach ëmmer interessant, a Photovoltaik z’investéieren. Och wann ëmmer méi Elektrifizéiert gëtt an de Stroum méi deier géing ginn an d’nächst Joer och den Enrgiepräisdeckel erofgefuer gëtt, wier dem Fenn Faber no "Net-fossil ënnerwee sinn, ëmmer besser ewéi fossil ënnerwee" ze sinn. Och do géing et ëmmer vun der spezifescher Situatioun ofhänken. D’Notzung vun der Energie wier méi effizient an et wier eng Wäertsteigerung.
Dem Fenn Faber no wier d’finanziell Hëllef vum Staat fir Investissementer an d’erneierbar Energien oder an d’Elektromobilitéit am internationale Verglach nach ëmmer "immens attraktiv", och wa se elo deelweis erofgefuer goufen.
D’Ännerungen um Tarif fir de Reseau wieren dorobber zeréckzeféieren, datt Lëtzebuerg an d’EU elektrifizéieren fir méi onofhängeg ze ginn, eng Versuergungssécherheet z’assuréieren a Klimaziler z’erreechen. Dofir ass eng aner Infrastruktur néideg an déi ass amgaang ausgebaut ze ginn. Dat huet e Präis an den neie Mechanismus gesäit vir, datt deen deen de Reseau am meeschte belaascht, sech och am meeschten dru bedeelegt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.