"Respekt ass verluer gaangen, Sprooch ass méi rau ginn"
E Mëttwoch de Moie ware Respekt an Toleranz d'Theemen an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Gewalt fänkt schonn am Kapp a bei der Sprooch un. Dat sot de Peter Kagerer am RTL-Interview de Mëttwoch de Moien. Hien ass Psycholog bei respect.lu, dem Lëtzebuerger Zenter géint Radikaliséierung.
De Respekt géintiwwer deem aneren hätt ofgeholl. Empathie wär déi lescht Jore verluer gaangen. D'Sprooch wier méi graff ginn. Politik a Medie géifen et och virmaachen an déi Jonk géifen et iwwerhuelen.
Diskutéieren heescht nolauschteren, verstoen, net onbedéngt déi aner Meenung unhuelen, mä se eescht huelen. Diskutéiere wier wichteg fir Konfliktléisungen a Gewaltpreventioun. Konflikter misst een och net ëmmer evitéieren. Si wieren néideg, fir e gemeinsame Konsens a fir Léisungen ze fannen.
Gewalt ass méi e Problem bei de Männer
Bei Männer wier Gewalt méi e Sujet. D’Bild vum “staarke Mann” wär nach ëmmer do. Vill Männer missten oder wéilten nach ëmmer dem Bild vum “Staarken” oder vum “Kämpfer” entspriechen. Dat géif och vun der Sozialiséierung ofhänken.
Och bei Jonke wier Gewalt ëmmer méi present. D’Schoul misst drop pochen, datt Reegelen agehale ginn, dierft net duerch d’Fangere kucken a Problemer dierften net komme gelooss ginn. Et géif net genuch Gewaltpreventioun an de Schoule gemaach ginn, seet de Psycholog Kagerer, mä hëlt d’Schoulen och a Schutz, well déi dacks mat villen anere Sujeten iwwerfuerdert wären.
Sozial Medie verstäerke Gewalt
Déi Sozial Medie wéi TikTok zum Beispill géifen d'Gewalt enorm verstäerken. Do géife Blosen entstoen, wou nëmmen nach engem seng eege Meenung géif ënnerstëtzt ginn. An dat géif ee bestäerken, weiderzemaachen.
Gewaltpreventioun misst an der Schoul gemaach ginn, mä och doheem a misst och schonn an der Crèche geschéien. A mir wären all e Virbild a missten dowéinst bei eis selwer ufänken, esou de Peter Kagerer vu respect.lu.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.