En Donneschdeg de Moie waren d'Gewerkschaften Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir wäerten natierlech mam Minister schwätzen. Mä de Georges Mischo hätt extrem vill Vertraue verspillt an hien hätt d’Gewerkschaften denigréiert, also schlecht gemaach, wéi keen zweeten hei am Land, sot en Donneschdeg de Moien den LCGB-President Patrick Dury am RTL-Interview.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury, President vum LCGB

D’Roserei ass weider grouss. Op de Bréif vum Minister fir eng weider Reunioun huet een nach net geäntwert. Do berode mer eis nach mam OGBL. An et hätt een ënnert anerem och der EU-Kommissiounspresidentin von der Leyen geschriwwen, well déi geplangten Ëmsetzung vum Minister net dem Geescht vun der Direktiv géif entspriechen. 
 
De Minister hätt d'Aarbecht an d'Engagement vun de Gewerkschaftler erofgemaach an hätt d’Gewerkschafte wëlle lächerlech maachen. Hie géif un de Sozialmodell kraze goen, géif en esouguer futtimaachen, huet sech de Patrick Dury beklot. Et géing ëm d'Rechter vun de Salariéë goen, déi zanter 100 Joer vun de Gewerkschafte verdeedegt ginn. Dat misst och esou bleiwen.
 
Minister a Chamber sinn och net besser gewielt 

De Georges Mischo stellt jo d’Representativitéit vun de Gewerkschaften a Fro. Well bei de Sozialwale fir d’Chambre des salariées just 35% matgemaach hunn. De Patrick Dury kontert: De Minister selwer an d'Chamber wieren och net besser gewielt, mä just vun déck engem Drëttel vun der Populatioun. D’Chamber an de Minister géifen och keen Ofbild méi vun der Gesellschaft am Land duerstellen, wéi dat misst sinn.

Neutral Delegéiert hätt et nach ëmmer ginn. Dat wären dacks Lëschten, déi vum Patron gefrot goufen. Wéi déi sollten e Kollektivvertrag verhandelen oder an e Sozialkonflikt goen, kann de Gewerkschaftler sech net virstellen.
 
Diskussioun iwwer Pensiounsreform: Privatsecteur a Fonction Publique misste gläich behandelt ginn

D’Diskussiounen iwwer eng Pensiounsreform si jo amgaangen. D’Gewerkschafte pochen op eng Zort Tripartite. D’Ministesch Deprez kéint sech net hannert dem ëffentlechen Debat verstoppen, fir dann ze soen, wat si maache wéilt a fir laanscht d’Syndikater ze fueren, fënnt de Patrick Dury, Et géif ëm sozial Gerechtegkeet goen. D’Regierung misst fir Gläichbehandlung tëscht Privatsecteur an dem Regime vun de Staatsbeamte suergen. Eng Reform géif d’Regierung "walarithmeetesch" kucken, dat heescht d’Staatsbeamte solle verschount bleiwen. D’Rentner sollen och verschount ginn. An déi Jonk misste méi kleng Rente fäerten.
 
Prett fir "whatever it takes"

Den 3. Dezember plangen OGBL an LCGB eng 1. Aktioun an informéieren hir Delegéiert. Dofir géif een och alles maachen, wat néideg wier. Et wier ee prett, an dee Konflikt eranzegoen ... och op d'Strooss a méi wäit, wann et misst sinn, sot e geluedenen LCGB-Gewerkschaftspresident.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury, President vum LCGB

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.