D'Regierung dréit mat zum Kollaps vum Planéit bäi
E Freideg de Moie waren d'Lëtzebuerger Klimapolitik an den Ëmweltschutz Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Eis begeeschtert der Regierung hir Ëmweltpolitik net, mä se nervt éischter, dat sot e Freideg de Moien d'Presidentin vun der Ëmweltorganisatioun Mouvement écologique bei eis am Interview. De Planéit stéing virun engem "Multiorganversoen", virum Kollaps an amplaz dogéint ze goen, géif d'Regierung mat hiren Aktiounen nach mat dozou bäidroen. Schwaarz-Blo wier an der Ëmwelt- a Klimaschutzpolitik einfach net op der Héicht an hätt et bis elo verpasst, nei Akzenter ze setzen, déi dréngend néideg wieren.
Lëtzebuerg wier zwar op der COP16 iwwer Biodiversitéit a Kolumbien mat derbäi, mä géif doheem näischt fir d'Aartevillfalt maachen, kritiséiert d'Blanche Weber. Dobäi wieren Zweedrëttel vun den natierleche Liewensraim an engem schlechten oder net zefriddestellendem Zoustand.
Dat geplangt Naturschutzgesetz léist d'Problemer net
Mam Naturschutzgesetz géifen zwar verschidden administrativ Hürden ofgebaut, mä déi eigentlech Problemer géifen net geléist. Mir schafen nei Problemer an d'Biodiversitéit gëtt zerstéiert, sou d'Presidentin vum Mouvement. Et wier sécher, datt mam Text, esou wéi e virgeluecht gouf, de Schutz vun de Gréngzonen an den Uertschaften nach weider geschwächt gëtt. An de Gesetzprojet wier net vu Fachleit aviséiert ginn.
Och de Mouvement wier natierlech derfir, datt d'Kris um Logementsmaart geléist misst ginn. Zum Beispill misst d'Politik duerfir d'Renovatiounen och vill méi fërdere wéi bis elo.
Gedeelte Positiounen zu de Subside fir Elektroautoen
Dës Woch gouf an der Chamber deen neie Regimm vum Klimabonus gestëmmt, dee réckwierkend op den 1. Oktober eng Rei Subside reduzéiert huet. Zum Beispill bei de Photovoltaikanlagen an och engem Deel vun den Elektroautoen. D'Blanche Weber huet net verstoppt, datt ee beim Mouvement écologique zwou Stëmmen zu der Elektromobilitéit hätt. Op der enger Säit déi Leit, fir déi et an d'Rei geet, datt d'Subsiden op den Elektroautoen erofgesat ginn. An op der anerer Säit déijéineg, fir déi et net ze fréi ass an déi en Abroch um Marché fäerten.
Fir ze wëssen, wou een drun ass, sollt d'Regierung de Statec mat enger Analys chargéieren, fir auszerechnen, wéi eng Subsiden nach néideg sinn a wéi eng net. Oder och de Begleetcomité vu Patronat, Gewerkschaften an Ëmweltorganisatiounen, deen extra duerfir an d'Liewe geruff gi war, fir der Regierung hir Klimadecisiounen ze begleeden, wier bis elo keng eenzeg Kéier zesummegeruff ginn, sou eng rose Presidentin. Den Ament géif d'Regierung einfach Mesuren "dohinner geheien", Subside kierzen, ouni ënnermaueren ze kënnen, firwat se dat mécht.
Bei der Photovoltaik an de Vëloen hunn d'Subside gegraff
De Mouvement écologique ass mat der CSV-DP-Regierung averstanen, datt d'Subside bei de Vëloen an de Photovoltaik-Anlage gegraff hunn. Et géifen och vill Gemengen, déi zousätzlech Sue géife ginn. Dat gréissten Hindernis géifen d'Prozedure bleiwen an d'Fro virun allem, wéi Leit mat manner Geld sech eng Anlag leeschte kënnen. Hei géif ee mat Péng op déi versprache Virfinanzéierung waarden, déi der Regierung no an der éischter Hallschent vum anere Joer komme soll.
Netzkäschten: Bei der Kommunikatioun "ginn der d'Dronkenellen aus"
Moossname gräifen, wann d'Leit gesinn, datt se sënnvoll a gerecht sinn, seet d'Blanche Weber. Duerfir misst een awer och erklären, wat ee wëll. Zum Beispill och bei der neier Struktur vun den Netzkäschten a wéi d'Leit sech konkret verhale sollen, fir d'Spëtzen am Netz ze briechen. De Consommateur an d’Betriber géifen den Ament mam Fanger am Mond do stoen, ouni richteg Previsibilitéit.
D'Regierung géif et awer fir den Ament verpassen, dass se glafwierdeg vermëttelt, dass et wierklech ëm de Klima - an de Biodiversitéitsschutz geet, well soss géif se net nëmmen u Subside fréckele goen oder de Schutzstatus vum Wollef erofsetzen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.