E Mëttwoch de Moie war de Bau Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Spiert een eng Reprise vum Invest am Bau? "De Krunn drëpst e bësse méi séier, mee e leeft awer nach net", esou de Roland Kuhn e Mëttwoch de Moien hei op RTL. De President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen a Bauentrepreneur huet vill "Efforten" vun alle Säite begréisst a besonnesch d'Hallwéiere vun den "Droits d’entregistrement" beim Kaf vum 1. Oktober bis den 30. Juni d’nächst Joer. Mee d'Situatioun wier nach ëmmer net gutt.

De Roland Kuhn sot, et géing ee mierken, datt d'Leit nees Loscht hunn z'investéieren, well et sech erëm géing rentéieren. Et wier awer "realistesch" dovunner auszegoen, datt et ee Joer kéint daueren, bis datt d'Reprise vum Invest sech am Bau néierschléit. A sengen Ae wier wichteg, z'ënnerscheeden tëscht dem Immobiliëberäich oder dem Invest – ëffentlech a privat – an op der anerer Säit dem Bau. An deem Secteur géing et am Moment, dem Vertrieder vun de Bauentreprisen no, "net genuch Aktivitéit" ginn. Beim Bëtong wier ee bei Minus 60%, beim Stol wier ee bei Minus 50% an op den Decharge géing och hallef esouvill Buedem dechargéiert ginn ewéi virun der Kris, also virun Enn 2022. Et géing 40% manner Baugeneemegunge ginn an en Drëttel vun de Krane géingen "um Haff leien".
 
Seng Baufirma Kuhn Constructions huet zwar d'lescht Joer manner Benefice gemaach ewéi 2022, mee ëmmerhin awer nach e Benefice. De Roland Kuhn sot, d'Firma wier mat 157 Joer déi eelst am Secteur an hätt Reserven. Hien huet awer deklaréiert, datt déi elo géingen "opgeschafft ginn". D'Firma géing Opträg acceptéieren, bei deene se mat "Null" rechne géing an esouguer "eppes dropleet", fir hir Leit kënnen ze beschäftegen. "Dat ass net normal an dat ass net gutt", esou de Roland Kuhn.
 
"Wat mir elo momentan brauchen, dat sinn ëffentlech Ausschreiwungen!"
 
D’Firma hätt och déi lescht Jore keng Terraine kaf, well d'Präisser ze héich wieren. Dat eenzegt, wat hien an d'Bauentreprisen elo géing interesséieren, wier d'Leit ze beschäftegen, well 3.000 vun de 60.000 Leit am Secteur wiere "fort". Dowéinst huet de Roland Kuhn den Appell gemaach, datt d'ëffentlech Hand – Staat a Gemengen - Ausschreiwunge mécht. Obwuel de Budget um Pabeier géing stoen, huet den Entrepreneur verséchert, datt et manner Soumissioune géif "ewéi et soss war". De Roland Kuhn huet betount, datt net just Wunnengen néideg wieren, mee och all aner Investitiounen an d’Infrastruktur oder an d'Energietransitioun.
 
Nom Interview wollt de President vun der Federatioun vun de Bauentreprisen nach e weider Message lassginn: falls d'Reprise vum privaten Invest ewéi gesot nach eng Zäit bräicht, fir am Bau unzekommen an d'ëffentlech Ausschreiwungen net zouhuele géingen, da misst een a sengen Ae de Chômage partiel – d'Kuerzaarbecht – am Secteur reaktivéieren. D'Regierung hat Ufanks dës Joers déi "Krisemesure" decidéiert, mee déi ass am Juli ofgelaf. De Roland Kuhn sot awer, datt d'Entreprisen, déi bis elo Aarbechter, déi bei Faillitten hir Plaz verluer hunn, "absorbéiert" hätten, elo un hire Limitten ukomm wieren. Se kéinte keng zousätzlech Leit astellen, déi se net kéinte beschäftegen.

Invité vun der Redaktioun: Roland Kuhn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.