Confirméiert: Nächst Indextranche eréischt 2025
E Méindeg de Moie war de Statec Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Déi nächst Indextranche wäert eréischt d'nächst Joer erfalen. Déi nei Zuelen iwwert d'Inflatioun wäerten e Mëttwoch dat confirméieren, wat scho virun engem Mount virausgesot gouf. Dat sot den neien Direkter vum Statec, den Tom Haas, e Méindeg de Moien hei op RTL. Hie wollt de Previsiounen net weider virgräifen, ma hie sot och, datt eng zweet Indextranche net bannent den nächsten 12 Méint erfält, wann d'Inflatioun ëm 2 Prozent läit.
Iwwerdeems den Index de Kafkraaftverloscht kompenséiert, wier d'Kafkraaft déi lescht Joren hei am Land weider geklommen, esou den Tom Haas. Obwuel d'wirtschaftlecht Ëmfeld schwiereg war an och wäert bleiwen. D'Konjunktur hei am Land géing - trotz den Zënsreduktiounen - gebremst gi wéinst den Entwécklunge bei den zwee gréissten Handelspartner vu Lëtzebuerg: Den Tom Haas huet d'ugekënnegt Spuermesuren a Frankräich genannt oder nach d'Rezessioun an Däitschland.
An déi wieren och nach betraff vun deem, wat a China oder an den USA geschitt. Gëtt et eng Onsécherheet iwwert wien d'Wale gewënnt, esou suergen d'annoncéiert Taxen op Importer vum republikanesche Kandidat Donald Trump fir ekonomesch Onsécherheet.
Statec mam Haas: Problematiken antizipéieren an aner Dimensioune beliichten
Mam Tom Haas hu mer och iwwert seng Roll als neien Direkter vum Statec geschwat. Hien ersetzt mat 41 Joer de Serge Allegrezza, deen an d'Pensioun gaangen ass. Dem Tom Haas no hätt sech den nationale Statistik-Institut déi lescht Jore gutt entwéckelt. Um neie Site um Belval a mat iwwer 200 Mataarbechter wier de Statec och "gutt opgestallt". Et géing zwar vill Defie ginn, well d'Unzuel u Statistike géing méi séier wuessen ewéi d'Unzuel u Mataarbechter. Op der anerer Säit géing et nei Instrumenter a Methode ginn, ewéi "Bigdata" oder "Kënschtlech Intelligenz".
Vun haut u schafft de Statec och en Aarbechtsprogramm fir déi nächst 3 Joer aus – all d'Mataarbechter géingen un deem Prozess déi nächst Méint bedeelegt ginn. Et géing drëm goen, "d’Visioun" vum Statec festzeleeën. Hie kéint net deem virgräifen, wat dobäi erauskënnt, mee hie sot, wat hien a sengem Rekrutéierungsprozess gesot huet. Den Tom Haas huet vun der Aarbecht vum Statec an de leschte Jore geschwat a vun enger Approche, wou ee probéiere géing, "Problematiken z’antizipéieren" an all "d'Dimensiounen dovunner ofzedecken". Also net just déi ekonomesch, mee och déi sozial oder energie- an ëmwelttechnesch. D'Gesetz géing d'Missiounen och festleeën an dat sinn traditionell déi ekonomesch, sozial an demographesch Analysen, mee zanter 2011 och déi ëmweltpolitesch.
Huet de Statec all d'Donnéeën an Informatiounen, déi e brauch? "Mir hunn der vill, ob mer se alleguer hunn? Nee warscheinlech net", esou den neien Direkter. Den Tom Haas setzt awer vill op den "Once-Only-Prinzip" fir ëmmer méi administrativ Donnéeën ze kréien oder "Regësterdonnéeën", esou, wéi dat a skandinavesche Länner schonn zanter Joerzéngten de Fall wier.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.