US-Walkampf vill "Show", Haaptthema bei de Leit awer "d’Mënz"
En Dënschdeg de Moie waren d'Walen an den USA Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Resultat vun de Walen an den USA ass extrem ongewëss. D’Sondagë ginn der Demokratin Kamala Harris méi Chancen, d’Wettbüroen awer dem Trump. "Dat läit dorunner, datt d’Amerikaner hiren Institutiounen net méi esou vertrauen", esou d’Annick Goerens en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Eis Journalistin war elo gutt zwou Wochen an den USA a war eis Invitée vun der Redaktioun.
D’Annick Goerens huet op d’Sondagë vun 2016 an 2020 higewisen, déi den Trump "däitlech" ënnerschat haten. Wann d'Amerikaner wetten, da géinge se sécher net léien. D’Resultat viraussoen wier ewéi "e Frang werfen a kucken ob et Kapp oder Zuel gëtt", esou d’Journalistin. Alles spillt sech an den esougenannte «Swing-» oder «Battleground-states» of: Pennsylvania, Michigan, Georgia, North Carolina, Arizona, Wisconsin a Nevada. Iwwerdeems et beispillsweis a Pennsylvania «47-47» géing stoen an de Sondagen, géing et an anere Battlegroundstates schonn eng kleng Marge ginn, fir deen een oder anere Kandidat.
Ouni Iwwerraschung halen Harris an Trump deemno hir lescht «Rallys» a Pennsylvania, respektiv Michigan. Aus Interviewen mat politesche Beroder liest d’Annick Goerens och «e ganz strategesche Gedanken» eraus. D’Walkampf-Evenementer am Nevada wou eis Journalistin war, waren zum Beispill extrem op d’Latino-Communautéit ausgeriicht.
De Walkampf wier awer nach méi "eng Show". Dem Annick Goerens no wieren d’Amerikaner e bëssen «hollywood-like»: mat groussem TamTam géing op Events als éischt Musek gespillt ginn an de Patriotismus mat Fändelen invoquéiert ginn. Eis Journalistin huet den Event vum Harris zu Las Vegas wou si war als "en Drama a 4 Akten" beschriwwen. Si mengt awer och, datt verschidde Wieler dat géingen als "Zauber" duerchkucken a sech froen wat d’Kandidaten eigentlech konkret proposéieren.
Op de Sujeten ass d’federal Natioun gespléckt. D’Leit mat deenen d’Annick Goerens geschwat huet géingen all soen, datt se jo "kee Choix" hunn, well et ebe just zwee Kandidate gëtt. Dobäi géing et bei de konkrete Sujeten ewéi d’Migratioun zum Beispill grouss Widderspréch ginn, ewéi Awanderer, déi selwer géint Awanderung sinn. Haaptsuerg vun de meeschten Amerikaner wier dem Annick Goerens no awer nach ëmmer "d’Mënz". D’Inflatioun an de Kafkraaftverloscht wier an den USA vill méi spierbar nach ewéi an Europa.
Erstaunlech huet d’Annick Goerens d’Stëmmung op hirer leschter Etappe fonnt wou si elo ass. An der Haaptstad Washington DC gouf ronderëm d’Wäisst Haus, wou soss en Zonk ass, en nach méi grousse Sécherheetsprimeter opgestallt, mat Barrikaden. Dat natierlech nodeems de 6. Januar 2021 de Kapitol gestiermt gi war, well den Trump seng Néierlag vun deemools net acceptéiere wollt. Et wier e bëssen ewéi "eng Rou virum Stuerm", esou d’Annick Goerens, déi Geschäftsleit aus der US-Haaptstad zitéiert huet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.