En Donneschdeg de Moie war sexualiséiert Gewalt a Konfliktregiounen Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Victoire vum Donald Trump ass en däischteren Dag fir d’Fraerechter, mä och fir d’Mënscherechter a fir de Klima. Seng politesch Iddie géifen op enger sexistescher a fraefeindlecher Basis opbauen, dat sot d’Monika Hauser den Donneschdeg de Moien am RTL-Interview. Déi bekannten Doktesch a Grënnerin vun der Fraerechtsorganisatioun medica mondiale war fir eng Konferenz hei zu Lëtzebuerg. Et wier och e schlechte Message an d'Welt a besonnesch un all d’Männer, datt e verurteelte Stroftäter, dee bekannt wär fir sexuell Iwwergrëffer an eng extrem fraeveruechtend Sprooch, op esou eng héich Positioun gewielt gëtt. 
 
Zanter iwwer 30 Joer am Asaz fir Fraen, déi Affer vu Krichsgewalt goufen
 
D’Monika Hauser an hir Organisatioun medica mondiale setze sech fir Fraen an, déi am Krich Affer vu sexualiséierter Gewalt sinn. Virun iwwer 30 Joer huet hiren Engagement am Balkankrich ugefaangen. Si war deemools esou revoltéiert vun de Massevergewaltegungen, wollt als Gynekologin de Fraen hëllefen an huet sech op de Wee an d’Krichsgebitt gemaach. Haut hëlleft si mat hirer Organisatioun medica mondiale den traumatiséierte Frae weltwäit. 
 
Politik ënnerhëlt net genuch géint sexualiséiert Gewalt a Konfliktregiounen
 
D’Monika Hauser betount, datt et Gewalt am Krich nëmme ka ginn, well et se och am Fridde gëtt, also an eisen normale Gesellschaften. Gewalt géint Frae wär e strukturelle Problem an eise patriarchale Gesellschaften. Gewalt géint Frae géif een an all Krich gesinn, Vergewaltegungen an Zwangsschwängerungen zum Beispill. Dat géif och dacks net vun uewen ordonéiert ginn, mä Zaldote géife wëssen, datt se vergewaltegen dierften. De russesche President Putin hätt no Butscha d’Zaldoten ausgezeechent. Dat géif heeschen: dir kënnt maachen, wat dir wëllt an et geschitt iech näischt. Och an engem Krich ginn et Reegelen, Gesetzer, en humanitäert Vëlkerrecht, mä et géif international u politeschem Wëlle feelen, dat och ëmzesetzen.

Invité vun der Redaktioun: Monika Hauser
Sexualiséiert Gewalt Theema an der Emissioun Invité vun der Redaktioun
D'Victoire vum Donald Trump ass en däischteren Dag fir d’Fraerechter, mä och fir d’Mënscherechter a fir de Klima. 

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.