Wat eis beonrouegt, ass d'Croissance vun de Gesondheetskäschten
E Mëttwoch de Moie war d'Gesondheetskeess Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Fir dëst Joer rechent d'Gesondheetskeess mat engem Defizit vun ronn 38 Milliounen Euro. Nächst Joer kéint dat Lach op ronn 161 Milliounen Euro wuessen. Den déckste Poste wieren d'Spideeler, duerno d’Dokteren. Wat awer d’CNS beonrouegt, wier d’Croissance vun de Gesondheetskäschten. Dat sot de President vun der Gesondheetskeess e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Wann d’Croissance vun de Käschte méi grouss ass wéi d’Croissance vun den Recetten, dann hu mer e Schéier-Effekt an da gëtt den Defizit ëmmer méi héich, erkläert de Christian Oberlé.
Nei Medikamenter an Traitementer a Leit, déi ëmmer méi al ginn, wieren natierlech weider Facteure fir déi héich Gesondheetskäschten an och den Absenteismus géing d’CNS vill Suen kaschten.
Cotisatiounen an d'Luucht setzen?
Wann den Wuesstem ofhëlt a manner Leit schaffen kommen, kéint de finanziellen Desequiliber an de nächste Jore méi grouss ginn, wéi de Code de la securité sociale dat virgesäit. An deem Fall missten d’Cotisatioune gehéicht ginn. Cotisatiounen an d'Luucht setzen, wier och eng Méiglechkeet, den Defizit ze reduzéieren. Zanter Joerzéngte gouf dat allerdéngs net méi gemaach... Firwat net? Dat wier net un him ze decidéieren, dofir wier eng Quadripartite do, äntwert den Invité. An d’CNS wier do net mat um Dësch. Dat géing tëscht de Sozialpartner verhandelt ginn.
Op der Quadripartite gouf jo iwwerluecht, fir een Deel vun de Käschte vun der CNS an de Staatsbudget ze verlageren. Notamment d’Fraise vum Congé de maternité oder déi 20 Prozent Bedeelegung vun der CNS um Bau oder Ausbau vu Spideeler. Wann et enk gëtt am Budget, da wier et legitim z’iwwerleeën, wat schlussendlech d’CNS géing iwwerhuelen, seet dozou de Christian Oberlé.
Schonn iwwer 600 Doktere benotzen de PID
De PID paiement immédiat direct (also dass de Patient just nach säin Deel vun der Rechnung bezilt) gëtt bis ewell vun iwwer 600 vun den 2.600 Dokteren, déi hei am Land aktiv sinn, gemaach. Enn dës Joers wëll ee bei ronn 1.000 leien. De PID géing souwuel bei den Dokteren, wéi och bei der Populatioun gutt ukommen an géing der CNS och ganz vill bréngen. Am internationale Verglach hätt wuel keen esou ee moderne System, seet de President. Et bräicht een de PID dofir och net obligatoresch ze maachen. Wéi vill de PID d’CNS kascht huet, kéint een net sou einfach soen, erkläert den Christian Oberlé.
Bis 2026 soll d'Nomenclature komplett reforméiert sinn
Ganz wichteg sinn och d'Aarbechten un der Nomenclature, fir Tariffer fir d'Doktere festzeleeën. Bis Enn 2026 wéilt een all Posten, also och all Spezialisatioun an der Nomenclature eemol iwwerschafft hunn. De Problem wier allerdéngs dann, dass een nees vu vir misst ufänken, well d'Medezin sou séier evoluéiert. D'Nomenclature géing jo och de Progrès vun der Medezin erëmspigelen. Et hätt een awer och vill erreecht. Zum Beispill géing elo vum 1. Januar un d'Location vun Apparater duerch Forfaiten ersat ginn. Dat wiere grouss Schrëtt, déi op d'mannst 2 Joer Preparatioun géinge fuerderen.
4,8 Milliounen fir d'Gesondheetsapp
Rezent huet d’CNS dann och - no méintelaangen Negociatiounen - d’Gesondheetsapp vun der AMMD ofkaaft – fir 4,8 Milliounen Euro. Déi kéint een duerno mat an de PID integréieren, well se de Krees géing zoumaachen, erkläert de Christian Oberlé. De PID wier tëscht der CNS an dem Dokter. D’Gesondheetsapp géing de Krees weiderféieren, also bei de Patient an dann nees zeréck bei d’CNS. Aktuell géing den Dokter soen, dass de Patient bezuelt huet an da géingen d’Sue vun der CNS liquidéiert ginn. Mat der App géing dat duerno direkt iwwert de Patient goen. Dat wier wichteg, well de Patient doduerch ëmmer besser mat agebonne géif a seng Dokumenter selwer geréiere kéint, erkläert de Christian Oberlé.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.