En Donneschdeg de Moie war d'Piratepartei Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

"Ech hu keng konkreet Pläng, fir d' Partei ze wiesselen." Dat sot de Piraten-Deputéierte Sven Clement en Donneschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. Hien hätt keng Bäitrëttsverhandlunge mat déi Gréng gefouert, wéi d'Tageblatt dës Woch gemellt hat. Et géing vill domm geschwat ginn. An all Stot hätt ee sech heiansdo an den Hoer, mee et misst een elo kucken, sech nees ze verstoen. Hien hätt d'Partei 15 Joer mat opgebaut, vill politesch Akzenter gesat an et wier schued, wa se duerch dës Affär(-en) nohalteg beschiedegt wier. Et géing een him entweder reprochéieren, ze vill Afloss ze huelen, oder ze mann. 

Et goufe Perquisitiounen e Mëttwoch


De Sven Clement confirméiert och, dass et e Mëttwoch Perquisitioune bei der Piratepartei goufen. D'Police war bei mir selwer, bei enger Rei Memberen, an der Partei a bei der "Sensibilité politique", sou de Politiker. Déi Perquisitioune waren op Uerder vum Europäesche Parquet wéinst finanziellen Ongereimtheete bei der Iwwersetzungs-App MALT. Hien hätt komplett kooperéiert a géing sech och Transparenz a Kloerheet an deem Ganze wënschen, sou de Clement. Hie wier e Mëttwoch net verhéiert ginn, mee hie wéisst awer, dass nach Auditioune géingen ustoen. 

De Sven Clement huet eng Rei Regreten 

De Sven Clement gëtt zou, dass hien eng ganz Rei Regreten huet. D'Intentioun wier gewiescht, mat der MALT-App Leit ze hëllefen, déi kee Lëtzebuergesch konnten an net, fir privat Suen ze maachen oder Sue fir d'Partei ze generéieren. Vill Sujeten, déi rezent an der Press zirkuléiert wieren, hätt hien och eréischt doduerch entdeckt. Notamment, dass eng Gemengeconseillère vun Déifferdeng vun der Partei e Leasing-Auto finanzéiert krut (wéi Reporter gemellt hat). Dat wier op d'Kap vu sengem Parteikolleeg Marc Goergen gaangen.

"Ech stellen haut fest, datt ganz vill vun deene Problemer, déi bestanen hunn, wéi ech 2019 aner Leit Plaz gemaach hunn, haut nach ëmmer bestinn". Dofir wier säin zweete Regret, dass hien den Transfert besser hätte kënnen encadréieren. 

Wei kann ee weider zesummeschaffen?

Wat seng Zesummenaarbecht mam Marc Goergen ugeet, nodeems béid sech ëffentlech gestridden hunn, seet de Sven Clement, dass een do misst Charakterstäerkt weisen. Wann een e Mandat krut a gewielt gouf, da misst een alles drusetzen, dass een dat Mandat kann ausüben. Dat misst ee vun erwuessene Leit kënnen erwaarden. 

Ginn d'Pirate méi streng jugéiert wéi aner Parteien? 

Bei der CSV gouf et d'Frëndeskrees-Affär mam Frank Engel a bei der DP déi aggravéiert Steierhannerzéiung vum Pim Knaff. D'Piraten hunn ëmmer fir Transparenz plädéiert a wollte sech "anescht" ginn, wéi etabléiert Parteien. Gi si dofir anescht jugéiert, wéi aner Parteien?

"Bei der CSV, dat war jo eng änlech Situatioun wéi hei. Dat war e bëssen eng Selbstzerleeë vun Deeler vun der Partei", sou de Pirat. Mee de Jugement iwwerléisst de Sven Clement de Leit. "Ech mengen, datt jiddwereen dat selwer och unhand vun de Montanten, déi am Spill sinn, ka jugéieren", sou de Deputéierten.

Invité vun der Redaktioun: Sven Clement

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.