E Méindeg de Moien war den Drénk- an Ofwaassersecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Gëtt d'Ofwaasser anstänneg gebotzt, mécht dat d'Aarbecht méi einfach, fir duerno proppert Drénkwaasser ze hunn. Dat sot de Roland Schaack vun der Aluseau e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. D’Aluseau ass den Daachverband vun den Acteuren aus dem Drénk- an Ofwaassersecteur.

Ofwaasser: Viren, Drogen, demographesch Tendenzen

Traditionell ass d’Ofwaasser ëmmer d’Stéifkand par rapport zum Drénkwaasser gewiescht, allerdéngs hätt den Interêt fir d’Ofwaasser an de leschte Joren däitlech zougeholl, well ee vill kann doraus liesen. Grad an der Pandemie hätt een do kéinten Aussoen iwwert den Infektiounstaux an der Bevëlkerung maachen. Et kéint een demographesch Tendenzen erkennen: wou gi vill Leit, a wou manner Leit hi wunnen? An natierlech kéint ee gesinn, wann et Plaze gëtt, wou méi Droge consomméiert ginn, wéi op aneren.

D'Qualitéit vum Ofwaasser variéiert och vu Regioun zu Regioun. Am Süde géing ee méi industriell Pollutiounen am Ofwaasser erkennen, op der Musel d’Konsequenze vum Wäibau an am Norde vun der Landwirtschaft.

200 Kläranlagen uechtert d’Land

Den Ament ginn et zu Lëtzebuerg eng 200 Kläranlagen. 82 dovunner si just mechanesch, déi aner fonctionéiere scho biologesch. Nom Zweete Weltkrich gouf ugefaangen, d’Kläranlagen ze bauen. Déi éischt Generatioun war just mechanesch. Do setze sech schwéier Stoffer of an déi ginn dann erausgeholl. Dat ass awer just e Rendement vun 30 Prozent.

An den 80er koum dunn déi zweet Stuf derbäi. Do gëtt biologesch geschafft. Zum Beispill mat Bakterien, fir déi geléiste Stoffer ze traitéieren. Zanter der 91er Direktiv hätt een eng Tertiär-Rengegung. Fir d’éischt gëtt do Kuelestoff eliminéiert. Duerno dann Närstoff-Eliminatioun vun zum Beispill Stéckstoff a Phosphor. Mat dëser Tertiär-Rengegung géing een tëscht 90 a 95 Prozent vun der Belaaschtung ofbauen.

13 Kläranlage sollen eng véiert Stuf kréien

Allerdéngs géing een elo méi weit goen. Chemikalien, Medikamenter a Hormoner am Ofwaasser wieren een ëmmer méi grousse Problem, dee sech och längerfristeg an der Liewensmëttelkette weist. Do géing een elo ufänken, eng véiert Stuf anzebauen. D'nächst Joer fänken dofir d’Aarbechten op der Bleesbréck un. Déi dierften zwee Joer daueren.

Am ganze goufen uechtert d’Land 13 Kläranlage festgehalen, déi elo an enger éischter Phase sollen eng véiert Stuf kréien. Duerno dierften et der awer méi sinn. Prioritéit hunn déi Kläranlagen, déi een Anzuchsgebitt hunn, wou méi där Schuedstoffer beieneekommen. Bei engem Spidol oder bei Altersheemer sinn zum Beispill däitlech méi Medikamenter am Ofwaasser. Donieft gëtt gekuckt, ob dat Gewässer an dat duerno ausgeleet gëtt, sensibel ass. Méi sensibel heescht méi Prioritéit.

"Ewigkeitschemikalien" a Mikroplastik si grouss Defien

Et géing een ëmmer den Entwécklungen an der Industrie hannendru lafen an aktuell wieren d’PFAS (Per- a polyfluorierte Alkylverbindungen), déi sougenannten "Ewigkeitschemikalien", de gréissten Defi fir d’Ofwaasser.  Déi kommen an Teflon-Beschichtunge vir, ma och a waasserresistenten Kleeder. Och déi véiert Rengegungsstuf géing dës net erauskréien. Donieft de Mikroplastik. Et wéisst een deemno quasi elo schonn, dass een iergendwann eng fënneft Rengegungsstuf bräicht.

Sensibilisatiounscampagne soll op Problem vun de Fiichten Dicher opmierksam maachen

Ganz allgemeng missten d’Leit och nees méi sensibiliséiert ginn. Am Ofwaasser géingen ëmmer nach vill Saache landen, déi net dohi gehéieren: Batterien, Fetter, Textilien an dann duerch de Bau: Schalungen,Holzstécker an Zillen.
E risege Problem a ganz Europa wieren dann och Fiicht Dicher. Obwuel do drop steet, datt se se sech ofbauen, géinge se sech just no enger gewëssener Zäit ofbauen. An de Wee an d'Kläranlag wier awer dacks e Kuerzen. D'Resultat ass dann eng Agglomeratioun vun deene Fiichten Dicher, déi alles zousetzen. Et wier enorm Aarbecht, fir déi nees lass ze kréien an och e grousse Käschtefacteur. Dofir géing een elo eng grouss Sensibilisatiounscampagne lancéiere mat Spotten op der Tëlee, am Kino an um Radio.

Strof EU-Kommissioun

2013 war Lëtzebuerg vun der EU-Kommissioun gestrooft ginn, well ee sech net un d’Direktiv iwwer d’Ofwaasser gehalen huet. D’Kläranlage waren net à jour. D’Strof waren direkt beim Urteel 2 Milliounen Euro an duerno 2.800 Euro den Dag. Dat hutt duerno am ganze 6 Milliounen Euro kascht. De positiven Effekt aus där Strof wier, dass een elo Musterschüler wier. Déi véiert Rengegungsstuf, déi bei eis elo schonn ëmgesat gëtt, wier an der neier Ofwaasserdirektiv mol eréischt prognostizéiert, sou de Roland Schaack.

Invité vun der Redaktioun: Roland Schaack

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.