Seng eege Standarden am Gebläers vum Rietspopulismus net verléieren
E Méindeg de Moie war ë.a. d'Resultat vun der Weltklimakonferenz COP29 an de Kampf géint de Klimawandel Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wa mer kucken op dat, wat noutwenneg ass, dann ass d’Resultat vun der Weltklimakonferenz zu Baku, d'COP29 natierlech eng massiv Enttäuschung an e Vertrauensbroch fir deen ee sech misst schummen. Wa mer allerdéngs op déi aktuell international Geo-Politik kucken, wéi zerstridden d’Welt ass a wéi korrupt vill Länner sinn, dann ass den Accord* vun der COP29 op d’mannst e Kompromëss. Mee just well en Accord schwéier ass, heescht et net, dass een alles gutt fanne muss. Dat seet déi däitsch Klimaaktivistin Luisa Neubauer. Si war eis Invitée vun der Redaktioun.**
Wal vum Donald Trump ass eng Katastroph
D'Wal vum Donald Trump ass fir de Kampf géint de Klimawandel esou eng grouss Katastroph, dass mer eis warscheinlech net mol wierklech virstelle kënnen, wat dat wierklech fir eis bedeit, sou d'Luisa Neubauer. Et geet beim Donald Trump jo net just dorëm, dass hien d'Produktioun vu Pëtrol, Gas a Kuel wäert promouvéieren, mee hie wäert seng Muecht benotzen, fir strukturell villes ze änneren, wat déi lescht Joerzéngten opgebaut gouf. ONG’e wäerten hir Finanzéierung gestrach kréien, vill Gruppéierunge fir Klimafroen an Naturschutz wäerte sech elo musse géint juristesch Reprochë wieren oder Mënsche virun Expulsioune schützen. D’Klimaaktivistin fäert, dass ee ganz vill autoritär a rietsradikal Entmächtegunge vun der Zivilgesellschaft wäert erliewen.
Ëmmer méi Hoffnung geet verluer
Op d'Fro, ob mer grad eng "Verrohung" vum ëffentlechen Discours erliewen, seet d'Luisa Neubauer, et hätt een heiansdo d’Gefill, dass de Minimum u Respekt, mat dem een anere Leit begéint, einfach verschwonne wier. Et dierft een allerdéngs och net mengen, dass fréier alles besser war. Mee et hätt een awer och ëmmer d’Hoffnung gehat, dass d’Zukunft eng Verbesserung bréngt. An dës Hoffnunge géinge grad gebrach ginn. Et géing ee mëttlerweil net méi just ëm de Klimawandel kämpfen, mee ëmmer méi fir d’Demokratie virum Faschismus ze verdeedegen, d'Wourecht viru Ligen an d’Institutioune virun korrupte Lobbyen.
Wat kann een dogéint maachen? Et wier extrem wichteg, seng eege Standarden an dem Gebläers vum Rietspopulismus net ze verléieren, sou d'Luisa Neubauer. D'Rietspopulisten dierften net déi sinn, déi eis Reegelen definéieren, wéi mir matenee schwätzen. Donieft wier et och wichteg, sech ze positionéieren. Wie mengt, et géing een näischt ugoen a Politik géing een net interesséieren, dee géing et de Faschisten nach méi einfach maachen.
Wat kann een als Eenzelpersoun maachen?
Et bräicht definitiv méi Klima-Aktivisten. Aktivismus géing einfach heeschen, sech selwer eescht ze huelen an d'Welt eescht ze huelen. Et misst ee verstoen, dass d'Geschicht vu ganz normale klenge Mënsche gemaach gouf, déi sech wichteg geholl hunn an zesummen onwarscheinlech Saache méiglech gemaach hunn. Et géing elo drëm goen, dass all Mënsch sech géing froen, wat ee selwer maache kann, fir d’Welt besser ze maachen. Et kéint ee Parteien, Beweegungen oder Initiative bäitrieden oder an der eegener Noperschaft / Schoul / Uni / Veräiner matwierken an een Ënnerscheed maachen.
An Däitschland gëtt et aktuell vill Anti-Gréng-Propaganda, och ugestëppelt vun der AfD. Wat bedeit dat fir d'Bundestagswalen? Si wär zwar Member vun den däitsche Gréngen, mee net hir Spriecherin, betount d'Luisa Neubauer. Si fënnt et wichteg, dass d'Medien hir Verantwortung iwwerhuelen. Grad d'Journaliste missten net all déi riets Parollen einfach widderhuelen, mee se hannerfroen an op d’Wourecht préiwen, ier se an de Medie landen, fuerdert déi däitsch Klimaaktivistin.
*Am Accord vun der Konferenz ass ee sech eens ginn, dass déi räich Länner den aarme Länner bis 2030, 300 Milliarden US-Dollar zur Verfügung stelle sollen.
**Den Interview mam Gesiicht vun der däitscher Fridays-for-Future-Beweegung ass aus Zäitgrënn net live, mee gouf d’lescht Woch enregistréiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.