En Donneschdeg de Moie war d'Fondatioun Idea, d'Rentendebatt an d'Industrie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Idea, d’Denkfabrick vun der Chambre de Commerce, feiert dës Woch 10. Anniversaire. Dofir war hire President Michel Wurth den Donneschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. A sengen Ae wier Idea, obwuel et mat 10 Joer nach “e Kand” wier, en Erfolleg: all d’Parteien an d’Regierung géingen op d’Fondatioun lauschteren. Esou ass Idea déi eenzeg Denkfabrick, déi an der Rentendebatt vun der Ministesch Martine Deprez invitéiert gouf a géing och nach mat Spezialisten Iddie mat an d’Diskussiounen erabréngen. 
 
Seng eege Vue huet de fréiere President vun der Union des entreprises UEL a vun der Chambre de Commerce esou resuméiert: D’Liewensdauer geet an d’Luucht esou ewéi och d’Proportioun u Leit, déi an d’Pensioun ginn, par Rapport zu de Leit, déi schaffe ginn. An deem Fall géingen d’Cotisatiounen an d’Luucht goen, wat bedeite géing, datt d’Salariéen an d’Betriber méi misste bezuelen a manner kréien. A sengen Ae kéint ee bei engem komplizéierte System net einfach soen: “il n’y a qu’à...”.

Idea fräi an onofhängeg

De Michel Wurth huet och erkläert, datt Idea net vum Patronat gesteiert wier. D’Patronat hätt schonn d’Union des entreprises, d’Chambre de Commerce, d’Handwierkerkammer an aner Organisatiounen, déi seng Interessie vertrëtt. Mat Idea wollt een doriwwer erausgoen, esou de Michel Wurth. D’Onofhängegkeet wier garantéiert duerch e Conseil scientifique. Idea géing selwer keng Iddie produzéieren, mee all déi, déi bei Idea “matmaachen”, kéinte sech “fräi ausdrécken”.
 
Idea huet ënnert anerem eng méi héich Grondsteier recommandéiert. Géing een dann och duerchwénken, wann Idea eng Verméigenssteier fir privat Persoune géing recommandéieren? De Michel Wurth sot, et wier net ausgeschloss, datt een, dee fir Idea schreift, dat géing proposéieren, mee da géing doriwwer diskutéiert ginn an a sengen Ae géinge “warscheinlech” vill Leit soen, datt dat eng “schlecht Iddi” wier, well dat net dem “Lëtzebuerger Businessmodell” géing entspriechen.

“Dramatesch” Situatioun fir d’Industrie

De Michel Wurth ass jo och Member vum Verwaltungsrot vun Arcelor Mittal. D’Situatioun fir d’Industrie an Europa wier dramatesch, besonnesch fir energieintensiv Betriber. Wann ee wéilt weider “dekarboniséieren” a “virreiden”, da misst een och investéieren a mat den aktuelle Stroumpräisser géing d’Rechnung net opgoen.
 
Idealerweis misst d’europäesch Politik Weeër fannen, fir datt de Stroum an Europa net méi “2, 3, 4 Mol” méi deier wier ewéi am Mëttleren Osten oder an Amerika. Donieft wier de Problem, datt kee globalen eenheetleche System do wier, fir d’CO2-Emissiounen erofzebréngen. An Europa misst ee bezuelen, iwwerdeems dat an den USA oder China “gratis” wier, esou de Michel Wurth. Den europäesche Stol wier zwar a sengen Aen dee Beschten, mee e wier “sensiblement” méi deier.
 
Wat Arcelor Mittal hei zu Lëtzebuerg ugeet, wier een dem Member vum Verwaltungsrot no an engem “Trip, dee gutt ass”. Well een ebe schonn an de 90er Jore vun der Kuel op de Stroum eriwwergaange war, wier een elo spezialiséiert a kompetitiv. An et géing och weider investéiert ginn a Richtung manner Energieverbrauch.

Invité vun der Redaktioun: Michel Wurth

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.