Méi bëllege Stroum duerch méi erneierbar Energie
E Freideg de Moie war d'Klimakris Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Bëllege Stroum misst weiderentwéckelt ginn an zwar duerch méi erneierbar Energie. Dat sot déi gréng Deputéiert Joëlle Welfring e Freideg de Moien hei op RTL. Klimapolitik fir héich Energiepräisser an aner Problemer verantwortlech maachen, wier an hiren Aen net richteg. D’Deierecht wier virun allem op den Ugrëff vu Russland op d’Ukrain zeréckzeféieren an dorobber, datt Europa virdrun ze vill ofhängeg vu bëllegem russesche Gas gewiescht wier.
Wann et gewëssen Deeler vun der Industrie schlecht geet, wier dat och, well déi Betraffe sech net mat Zäit ëmgestallt hätten, esou d’Joëlle Welfring, déi als Beispill d’Automobilindustrie genannt huet. Et géing drëm goen, weider méi onofhängeg ze ginn. Déi fréier Ëmweltministesch huet hei d’Progrèse vun de leschten 10 Joer verdeedegt. 75 Prozent vun de Wandrieder hei am Land wieren an deem Zäitraum opgeriicht ginn. Si huet och bedauert, datt d’Energiepräis-Bremsen d’nächst Joer hallwéiert ginn, well doduerch de Stroum awer nees méi deier géing ginn an dat d’Transitioun net géing fërderen.
Ugeschwat op den neien "État d’esprit", deen de Luc Frieden vun de Beamten an den Ëmweltverwaltunge gefuerdert hat, huet d’fréier Ëmweltministesch dem Luc Frieden "alternativ Fakte" virgeworf: duerch parlamentaresch Froen hätten déi Gréng Aussoe vum Premier kënnen "debunken". Esou wier et falsch gewiescht ze behaapten, datt an de Gréngzone keng Photovoltaik-Anlagen oder Waasser-Reserve géingen autoriséiert ginn.
Méi Zeechen op der COP setzen
D’Resultat vun der COP29, déi de Weekend op en Enn gaangen ass, wier zwar kee Réckschrëtt, mee och kee Fortschrëtt, esou d’Joëlle Welfring. Am Géigesaz zum neien Ëmweltminister Serge Wilmes ass déi fréier Ëmweltministesch "net zefridden". Och wann d’finanziell Enveloppe fir d’Konsequenze vun der Äerderwiermung opzefänke vun 100 op 300 Milliarden US-Dollar geklommen ass, wier elo wichteg ze kucken, ewéi een de Klimaschutz an d’Reduktioun vun den Zäregasen um Terrain ëmsetzt. Heiheem huet si d’Regierung opgeruff, d’Leit méi z’ënnerstëtzen zum Beispill mat enger Agence fir d’Renovatiounen.
Ob si méi op der COP hätt kënnen erausschloen, ewéi hiren Nofollger? D’Joëlle Welfring sot, dat wier "schwéier ze soen", mee si huet drop higewisen, datt ewéi si Ministesch war, Lëtzebuerg un enger Koalitioun vu Staate participéiert huet, déi "ganz proaktiv am Klimaschutz virginn". Esou hätt ee sech och anescht no Bausse presentéiert a mat "de richtege Leit" kéint een och "Zeeche setzen".
Zum Black Friday, deen e Freideg ugeet, sot d’gréng Deputéiert: "Dat Eent ass wann een, soen ech emol, als Radiosender e bëssen de Konsum unhëtzt mat Reklammen. Dat Anert ass mengen ech, datt een de Leit kee schlecht Gewësse mécht." Wichteg wier, datt een Alternativen ubitt bei de Choixe vun de Leit. E bëssen ewéi mam ëffentlechen Transport missten déi Alternativen "einfach", "méi bëlleg" a "logesch" sinn.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.