"Reaktioun vun de Gewerkschaften ass staark iwwerdriwwen"
E Mëttwoch de Moie war d'Pensiounsreform Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
De Sujet wier e bësse mat den Hoer erbäi gezunn. Och de Premier hätt scho kloer gemaach, datt d'Gewerkschafte sollen d'Exklusivrecht bei de Kollektivverträg behalen. A mir deelen dat...sot e Mëttwoch de Moien de René Winkin am RTL-Interview. Hien ass den Direkter vun der FEDIL, der Stëmm vun der Lëtzebuerger Industrie.
D'Gewerkschafte wieren an enger mësslecher Situatioun, wat hir Roll ugeet, mengt de Patronatsvertrieder. D’Gewerkschaften hätte Schwieregkeeten ze mobiliséieren a Memberen ze kréien. Bei der Pensiounsdiskussioun misste se de Spagat tëscht de Besoine vun de Jonken an den Eelere maachen, also aktuellen an zukünftege Pensionären. A mam modernen Aarbechtsrecht hätt och hir Roll an de Kollektivvertrag geännert. Allgemeng – an och mam Verhale vun de Gewerkschaften am CPTE – nennt de René Winkin et eng “staark iwwerdriwwe Reaktioun”.
D'Patronat kéint och net averstane si mat engem Businessmodell vun de Gewerkschaften, wou den Droit du Travail all Flexibilitéit géif futti maachen. Wou ee fir all Decisioun misst bei enger Gewerkschaft uklappen.
Pensiounsdiskussioun ass néideg
Wann et net méi duer geet mat de Suen, misst eppes geschéie bei de Pensiounen, seet de René Winkin. Déi Diskussioun kéint een net refuséieren a si misst an aller Serenitéit an am Equiliber gefouert ginn, ënnersträicht de FEDIL-Direkter.
D'Patronat ass ganz interesséiert un de Lounniewekäschten. Am Interessi vun der Attraktivitéit vum Standuert Lëtzebuerg. Déi sollen am Verglach niddreg bleiwen. De Staat hätt och scho Problemer seng 8% ze bezuelen. Do dierft ee keng Dommheete maachen, warnt de René Winkin. Iwwer d’Liewensaarbechtszäit sollt een och diskutéieren.
Industrie struewelt – och zu Lëtzebuerg
An Europa ass d’Wirtschaft an der Kris, speziell och d’Industrie. Mir hänken natierlech vun Europa a speziell vun Däitschland of, seet de René Winkin. D’Ëmfeld, och dat geopolitescht, wär schwiereg. Diere wieren zougaangen, wat den Ofsaz an och an den Akaf ugeet. Villes wär iwwerreglementéiert. Dat hätt d’Politik awer erkannt a wéilt d’Kéier huelen. Fir datt Europa weider ka mat China oder den USA mathalen, misst ee fit a kompetitiv sinn a seng eegen Aufgabe maachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.