"Firwat Reserven opbauen, wann een net dierf drugoen?"
E Freideg de Moie war d'CGFP Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Verhandlungen iwwert den nächste Gehälteraccord beim Staat si lancéiert. D'CGFP an hire Ressortminister Serge Wilmes souze fir eng éischt Verhandlungsronn beieneen. Zil ass, den Accord bis Januar an dréchenen Dicher ze hunn. No Joren, an deenen ee sech mat wéineg zefridde ginn hätt, wier et elo un der Zäit, fir eng substantiell Punktwäerterhéijung, sot de CGFP-President Romain Wolff e Freideg de Moien nach emol bei eis op der Antenn. Mat wéi enger konkreter Fuerderung d'CGFP genee an d'Negociatiounen geet, wollt de Gewerkschaftler awer net verroden. Index hin oder hir wier awer lo de Moment komm, fir méi ze fuerderen. Am leschte Gehälteraccord 2022 hat d'CGFP eng Punktwäerthausse vun 1,95% rausgeschloen.
CGFP geet mat engem gudde Gefill an d'Verhandlungen iwwert de Gehälteraccord
Anescht wéi OGBL an LCGB, déi mam Aarbechtsminister Georges Mischo nach ëmmer op Krichsfouss stinn, hätt d'CGFP mat hirem Minister fir d'Fonction publique Serge Wilmes e gutt Verhältnis. Zanter der Protestaktioun vun der Staatsbeamtegewerkschaft am Abrëll géif den Dialog mam Ressortminister och nees funktionéieren. Et wier wichteg, datt ee matenee schwätze kéint, Kompromësser kéint agoen. Alles dat wier mat engem Serge Wilmes méiglech.
Firwat gi mer iwwerhaapt nach wielen?
De Romain Wolff bleift derbäi, d'CSV-DP-Regierung hätt keen Optrag vun de Wieler a Wielerinnen kritt, fir de Pensiounssystem ze reforméieren. Wéi kann et sinn, datt virun de Wale guer net iwwert d'Pensioune geschwat gëtt an op eemol wier et en Toppthema. Do misst ee sech d'Fro stellen, firwat mer iwwerhaapt nach wiele ginn, sou eisen Invité. An hire Walpréifsteng hat d'Staatsbeamtegewerkschaft all Parteien allerdéngs just gefrot, ob si géint Verschlechterunge bei de Pensioune wieren. (Die Finanzierung der Pensionskasse ist für die kommenden Jahre abgesichert. Folglich darf es nach Ansicht der CGFP zu keinen Verschlechterungen bei den Pensionen kommen. Stimmen Sie dem zu?) D'Fro, wéi d'Parteie sech par rapport zu enger Pensiounsreform positionéieren, hätt een net gestallt, well een net dovunner ausgaange wier, datt dat iwwerhaapt en Thema ass, sou de Wolff.
An hire Rieden huet d'Staatsbeamtegewerkschaft e Méindeg op hirer Conférence des comités och gemengt, eng Pensiounsreform wier mat den aktuelle Reserve vun 27 Milliarden "vëlleg abstrus". E Freideg de Moie sot de Romain Wolff, et géif een elo mol ofwaarden, wat an den aktuelle Consultatiounen iwwerhaapt erauskënnt. Datt d'Regierung nach net weess, wou d'Rees soll higoen, gleeft den CGFP-President net. Iergendwa misst d'Regierung jo awer mat der Sprooch erausrécken.
D'CGFP gesäit kee Problem fir un d'Pensiounsreserven ze goen
D'Reserve vun der Pensiounskeess géifen, an den Ae vum Romain Wolff, net opgebaut, fir net genotzt ze ginn. Fir d'CGFP ass op alle Fall elo net de Moment, fir "martialesch" am System virzegoen, wann d'Rentereserve 4 Joer laang d'Ausgaben decke kéinten. A wann eng Kéier de Moment komm wier, datt et mat de Sue géif enk ginn, da kéint ee jo d'Cotisatiounen héijen oder de Plafonnement op 5 Mol de Mindestloun am Régime général ophiewen. Och do hätt d'Staatsbeamtegewerkschaft guer näischt dogéint. Vun där zweeter Mesure wieren d'Fonctionnairen u sech awer guer net betraff, well si hir Pensioun bekanntlech aus dem Régime spécial an dem Régime spécial transitoire bezéien.
D'Rentemauer ass och an der Vergaangenheet net komm
An den 1990er Joren hätt ee scho gesot kritt, d'Rentemauer wier fir 2015. A se wier net komm. Duerfir misst een och dës Kéier mol kucken, wat iwwerhaapt geschitt, sou de Romain Wolff, dee sech och duerch rezent Aussoe vum Ex-Statecdirekter Serge Allegrezza net veronséchere léisst. D'Zäite vum héije Wuesstem hei am Land wieren eriwwer. Hie wier och nach net iwwerzeegt, ob d'Regierung da lo wierklech iwwerhaapt eng Reform wäert maachen.
Op d'Fro, wéi d'CGFP zu den Iwwerleeunge vun de Jugendparteie vun CSV an LSAP steet, fir déi verschidde Pensiounsregimmer ze vereenheetlechen, huet de Romain Wolff gemengt, et wier een net d'accord, fir am Regime vun de Staatsbeamten e Plaffong anzeféieren.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.