"D'Politik hei am Land gëtt ëmmer méi repressiv"
E Méindeg de Moie waren d'Mënscherechter Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wat Mënscherechter ugeet, si mir zu Lëtzebuerg an enger gudder Situatioun. D'Geriichter suergen dofir, datt d'Gesetzer agehale ginn a mir hunn eng staark Société civile mat villen ONGen, déi sech fir d'Mënscherechter asetzen. Och wann de Secteur duerch de Caritas-Skandal e bësse gelidden huet. Dat sot d'Noémie Sadler e Méindeg de Moien. D'Presidentin vun der consultativer Mënscherechtskommissioun CCDH war eis Invitée vun der Redaktioun.
Trotz der allgemeng gudder Situatioun misst ee constatéieren, dass d'Lëtzebuerger Politik ëmmer méi repressiv gëtt. Beispiller dofir sinn d'Heescheverbuet, de Platzverweis, de Platzverweis renforcé an en neit Gesetz iwwer d'Manifestatiounsrecht, wou ee sech misst froen, ob dëst doduerch encadréiert oder méi limitéiert gëtt. Et géingen och inoffiziell Mesurë ginn, déi däitlech méi repressiv wieren. Zum Beispill déi méi restriktiv Reegele bei der Wanteraktioun, wou elo gekuckt gëtt, dass just Leit Accès hunn, déi scho laang genuch zu Lëtzebuerg sinn.
Donieft kéime vill Dossieren einfach net vum Fleck. Dat an de Beräicher Rassismus, Handicap a Jugendschutz.
"Verrohung" vum ëffentlechen Debat
De politeschen Dialog géif och ëmmer méi graff ginn. Et géinge mëttlerweil vill méi problematesch Aussoe gemaach wéi fréier. Dat op alle politeschen Niveauen: vun der Lokalpolitik bis op d'Nationalpolitik. Aussoe vum Hesper Député-Maire Marc Lies a vun der Stater DP-Schäffe Simone Beissel iwwer Flüchtlingen a Romae wiere grenzwäerteg gewiescht, gëtt d'Invitée ze bedenken. Do misst ee sech froen, ob esou Aussoen an enger Demokratie wierklech néideg wieren.
D'Mënscherechtskommissioun professionaliséieren
D'CCDH soll an Zukunft méi vun der Chamber a manner vum Staatsministère ofhänken. Den entspriechende Gesetzprojet stécht nach an de Kannerschong, mee d'Noémie Sadler begréisst dat awer. Domadder géif d'Onofhängegkeet vun der Mënscherechtskommissioun institutionaliséiert ginn. E weidere Wonsch wier, datt de Poste vum CCDH-PresidentIN professionaliséiert gëtt. Aktuell ass de Poste benevole an dat wier op Dauer net méi haltbar. Doduerch kéint si net esouvill present sinn, well se eben nach haaptberufflech misst schaffe goen. Fir dem Poste kënnen den néidegen Engagement ze ginn, wier et gutt, wann een dofir géing bezuelt ginn.
Fir den internationalen Dag vun de Mënscherechter organiséiert d'CCDH den 10. Dezember een Themen-Owend iwwer d'Meenungsfräiheet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.