Exzeptionelle Fall vu Gewalt géint Giischtercher zu Giwenech
En Dënschdeg de Moie war de Poste vum Ombudsman Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
En Dënschdeg ass den internationalen Dag vun de Mënscherechter. "All Gesetz ass fir mech e Mënscherecht. Verschidde Gesetzer am Land ginn awer e bësse méi restriktiv interpretéiert an dat mécht mer Suergen", sot d'Ombudsman* Claudia Monti am RTL-Interview den Dënschdeg de Moien.
Si wéilt gär driwwer diskutéieren, ob déi méi restriktiv Interpretatioun vun de Gesetzer e Paradigmewiessel ass, oder ob et einfach eng aner Interpretatioun ass. Déi schwaarz-blo Ministere wieren awer ëmmer ganz oppe fir Diskussiounen.
Vill Problemer am Beräich Interimsaarbecht
En Dënschdeg gëtt an der Chamber de véierten Rapport iwwer de Mënschenhandel presentéiert. Konkret géing d’Ombudsman net kontaktéiert gi wéinst esou Fäll, mee si géing awer indirekt, iwwer Reklamatiounen, gewuer ginn, dass et vill Problemer am Beräich vun der Interimsaarbecht gëtt. Dat géing all d’Secteure concernéieren: d'Horesca, d'Forainen, d'Wënzer, den Transport, de Bau etc. - also alles Aarbechten, déi all Dag gebrauch ginn a wou een net forcement gesäit, dass et e Problem gëtt.
Incidenten tëscht Giischtercher a Prisonéier
Och déi rezent Gewalt géint Giischtercher ware Sujet am Interview. Am Verglach mam Ausland géingen et hei am Land nach relativ mann Interventioune ginn. Ma déi rezent Tëschefäll, bei deenen zum Beispill ee Giischtjen zu Giwenech schwéier blesséiert gouf, dat wier plutôt exceptionnel. Dat wier an deenen leschten aacht Joer net virkomm, esou d’Claudia Monti.
Duerch dës Incidente wier een elo eng Kéier gerëselt ginn an et hätt een elo eng prise de conscience, fir weider opzepassen an um qui-vive ze bleiwen, well och am oppene Strofvollzuch zu Giwenech hätt een et ëmmer nach mat Stroftäter ze dinn. Dass et zu Schraasseg geschitt, do wier ee manner iwwerrascht.
Mee et dierft een natierlech och net vergiessen, dass grad Chrëschtdagszäit ass. Dat géing ville Prisonéier och op d’Gemitt schloen. An der Vergaangenheet goufen et alt emol Fuerderunge vun der Associatioun vun de Giischtercher, fir besser arméiert dierfen ze sinn. D'Mediatrice wéisst allerdéngs net, ob et där Fuerderungen aktuell nach gëtt.
Méi Reklamatiounen, dat ass positiv
Der Claudia Monti hiert Mandat vun aacht Joer leeft geschwënn of. All Joer ginn d’Zuele vun de Reklamatiounen an d’Luucht. Ass dat positiv? “Jo”, seet d’Mediatrice. Si géing net mengen, dass d’Leit méi negativ gi sinn, mee dass se sech mëttlerweil géingen trauen ze reklaméieren. Et géing weisen, dass d’Ombudsman an hir Aarbecht méi bekannt gi sinn. Dat an de Populatiounswuesstem suergen natierlech derfir, dass een ëmmer méi sollicitéiert gëtt a méi Dossieren ze traitéiere kréich.
Kompetenze vum Ombudsman erweideren
D'Claudia Monti wënscht sech zanter dem Ufank vun hirem Mandat och méi Kompetenze fir d’Funktioun vum Ombudsman. Et géingen nach ëmmer Domainer ginn, an deenen d’Mediatrice net kéint intervenéieren an deenen och soss kee kéint intervenéieren. Et wier wichteg, dass eng Instanz do wier fir déi privat Institutiounen, déi awer een ëffentleche Service ubidden, fir do och een Uspriechpartner unzebidden. Beispill: Altersheemer, Foyeren, an deene Leit mat engem Handicap sinn oder Institutiounen, an deene Leit sinn, déi ënner eng Tutelle falen.
Donieft wier et och wichteg, dass et dem Ombudsman endlech méiglech gemaach gëtt, fir dierfen als neutralen Expert geruff ze gi viru Geriicht. Theoretesch wier dat méiglech, mee an der Praxis wier et nach net Usus.
*D'Claudia Monti huet beim Iwwerhuele vum Poste gefrot, si als "Ombudsman" ze titeléieren. Esou steet et och op hirem Internetsite.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.