Police a Bee Secure warne virun ëmmer méi komplexe Phishing-Attacken
En Donneschdeg de Moie waren Arnaquen d'Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Arnaquen, Phishing, Colportage - den Donneschdeg de Moien huet sech bei eis um Radio alles ëm Bedruch gedréint a wéi ee sech dogéint protegéiere kann. Dir konnt eis Är Froen iwwer RTL.lu eraginn - eis invitéiert Experten d'Aline Hartz vu Bee Secure an den Tim Pauly vun der Police aus dem Service Preventioun hunn drop geäntwert.
Nodeems d‘Phishing-Attacke mat 1.300 un der Zuel zejoert an den offiziellen Zuele vun der Police explodéiert waren, si se dëst Joer net nees manner ginn. Am Géigendeel. Den Tim Pauly vun der Police huet ze bedenke ginn, dass virun allem d‘Tentativë massiv an d‘Luucht gaange sinn, iwwer Mail, SMSen, Appeller an op aner Manéieren. Och bei Bee Secure hätt een iwwer 300 Dossieren opgemaach, déi eleng mam Thema Phishing ze dinn haten.
E grousse Problem wär, dass d‘Gauner ëmmer méi kreativ ginn. Duerch Kënstlech Intelligenz sinn d’Maschen nach besser ginn. Et gëtt zum Beispill entretemps perfekt Lëtzebuergesch geschriwwen. Fotoen, Videoen a Stëmme wierken echt. Iwwerdeems loossen d‘Gauner sech Zäit a si wéisste genee, ewéi eng emotional Knäppercher se misste bei hiren Affer drécken. Dacks géif och Drock ausgeüübt ginn.
D‘RTL-User wollten natierlech wëssen, wéi si sech géint esou Attacke protegéieren, respektiv wiere kënnen. An och no eiser Emissioun mat den Experten ass kloer: et ass bal net méiglech, net cibléiert ze sinn. Esouguer d‘Police selwer kritt déi Phishing-Mailen a falsch Appeller.
Hei fannt der en Outil, fir Scam-Mailen ze mellen. Telefonsnummeren a Maile kéint een zwar blockéieren, allerdéngs géifen d‘Gauner se quasi am Minuttentakt wiesselen, huet den Tim Pauly ze bedenke ginn. Allerdéngs kann ee verhënneren, op Phishing, Arnaquen an aner kriminell Tricken eranzefalen.
Den Tim Pauly vun der Police an d’Aline Hartz vu Bee Secure hunn allebéid betount: dat Bescht, dat ee maache kann, ass, alles ze hannerfroen a skeptesch ze sinn. Léiwer ze vill, wéi ze mann. Virun allem, wann et drëms geet, seng Bankdonnéeën erauszeginn. Et soll ee sech och mat Bekannten austauschen. Och op de Sitte vu Police a Bee Secure fënnt een Informatiounen.
Wann engem eppes geschitt, soll ee Plainte maachen. Et bräicht ee sech wierklech net ze schummen, seet den Tim Pauly vun der Police. Wann een allerdéngs eng Transaktioun validéiert huet, ass et ganz schwéier, d‘Suen nees zeréckzekréien. A bis dato bleift et och dobäi: d‘Police huet kaum Méiglechkeeten, den Online-Gangsteren op d‘Spuer ze kommen. Déi operéiere ganz dacks aus dem Ausland op engem anere Kontinent. Mat der Police an deene Länner wäre Kooperatiounen an esou Bedruchsfäll méi ewéi komplizéiert.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.