E Méindeg de Moie war d'Ardennenoffensiv Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De 16. Dezember 1944, virun 80 Joer, gouf d’Ardennenoffensiv lancéiert. Et war déi lescht Offensiv vun der däitscher Wehrmacht, fir d’Alliéiert zeréckzedrécken. Fir doriwwer ze schwätzen, war de Benôit Niederkorn de Méindeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun. Den Direkter vum Nationale Musée fir Militärgeschicht huet d'Situatioun deemools esou beschriwwen.

6 Woche war d'ganzt Éislek iwwerwannt. Jiddereen hat de Krich a senger Stuff. 250.000 däitsch Zaldote sinn iwwer d’Grenz komm, et ass mat vill Artillerie geschoss ginn, d’Panzere sinn duerch d’Duerf komm an d'Amerikaner hu probéiert, mat allem dogéintzehalen. Dertëscht waren d’Ziviliste blockéiert. Se konnten net evakuéiert ginn, well kee wousst wouhin. Doduerch ware vill Dierfer komplett isoléiert an op sech eleng gestallt. Dat war schlëmm, well besonnesch fir de Schluss, wou et jo schonn eng Befreiung duerch d’Amerikaner gouf, de Krich nees voll do war. An zwar esou wäit, dass een net wousst, wann een d’Chance hat, nach eemol zeréckzekommen, ob dat eegent Haus nach steet oder den Noper nach lieft. 
 
Et war keen dorop preparéiert 

D’Wieder war den Haaptfacteur fir déi Däitsch a besonnesch den Hitler, fir nees eng Géigenoffensiv am Westen ze starten. Et war wichteg, dass d’Wolleken déif hänken, deen Ament war och vill Niwwel, well doduerch konnt déi alliéiert Aviatioun net starten. D’Amerikaner waren am Fong och guer net op d’Ardennenoffensiv preparéiert an deementspriechend waren d’Lëtzebuerger op sech selwer gestallt. Dowéinst war Zesummenhalt gefrot an d’Duerfgemeinschaft gouf nees ganz staark aktivéiert. Et gouf gekuckt, wéi ee Keller am Beschte wier, fir z’iwwerliewen, wie kacht, wie geet Brout sichen, wien ass jonk genuch, fir duerno bei all Mënsch duerch de Schnéi kucken ze goen, dass en nach lieft.

Duerch den 2. Weltkrich sinn och vill enk Lienen entstanen tëscht Lëtzebuerger an Amerikaner, déi deels zu engem Verschmëlze vun Erënnerungskultur an traditionell Lëtzebuerger Kultur gefouert hunn, erkläert de Benoît Niederkorn. Zum Beispill de St Nick zu Wolz. Deemools hat sech een 22 Joer alen Amerikaner als Kleesche verkleet, fir de Kanner zu Wolz eng Freed ze maachen.

Erënnerungskultur ouni Zäitzeien? 

Déi ganz Erënnerungskultur ass gepräägt vun Zäitzeien, déi dat, wat se erlieft hunn, un déi nächst Generatioune weiderginn. Et géif effektiv een Challenge ginn, ouni si auszekommen, gëtt de Benoît Niederkorn zou. Dat selwecht hat een och scho beim 1. Weltkrich. Am Géigesaz dozou hätt een awer däitlech méi Archiv-Material, Interviewen a sougenannt “oral history” iwwer den 2. Weltkrich. An dat net just mat Zaldoten, ma och mat Zivilisten, déi alles erlieft hunn. Et wier wichteg, de Storytelling auszebauen an net just an d’Schoulen ze bréngen. Et géing och ëmmer méi Archiv-Material opgoen. Do misst ee kucken, fir dat interaktiv opzeschaffen, erkläert den Direkter vum Nationale Musée fir Militärgeschicht zu Dikrech.

Invité vun der Redaktioun: Benoît Niederkorn

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.