Mir brauchen ee legale Kader fir Kënschtlech Intelligenz
En Dënschdeg de Moie war de Budget 2025 Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Rapportrice leet hiren Accent op d’KI. D’Kënschtlech Intelligenz géing ëmmer méi dacks benotzt ginn a géing souvill nei Chancë bidden. Notamment am Beräich vun der Santé, bei der Preventioun vu Krankheeten.
KI brauch e legale Kader
Ka Lëtzebuerg an deem Beräich mat Big Playere wéi Google mathalen? Definitiv, well do Nischen ze fanne sinn, seet d’Invitée. Viru 7 Joer schonn hätten Doktorande vun der Uni Lëtzebuerg hei eng Firma gegrënnt, déi een digitalen Zwilling kënne produzéieren. Zum Beispill vum Elektresch-Reseau hei am Land. Amplaz dann Tester um Haaptreseau ze maachen, géing een déi um Zwillingsreseau maachen. Dat nämmlecht kéint ee sech am Beräich Gesondheet virstellen.
Et geschéien also scho vill Saachen hei zu Lëtzebuerg, esou d’Corinne Cahen. Wichteg wier, z'assuréieren, dass den Daten-Trafic an Europa bleift an och, dass d’KI ee legale Kader kritt. An de leschte Joren hätt ee gesinn, dass duerch déi sozial Medie vill Fake News verbreet ginn, dofir wier et och wichteg, dass d’KI kloer gekennzeechent gëtt, dass ee weess, wann eppes mat KI gemaach ass.
E weidere groussen Defi vun der KI wier d’Ethik. Wat ass duerno erlaabt a wat net. De Mënsch misst weiderhin um Ufank an um Schluss vum Prozess sinn. KI géing just Donnéeë verwäerten, mee final Decisioune missten ëmmer nach vum Mënsch geholl ginn.
Paie beim Staat: Sinn eventuell Haussen am Budget virgesinn?
Aktuell gi 24 Prozent vun den Depensë beim Zentralstaat, also bal ee Véierel vum Staatsbudget drop, fir d’Paie beim Staat ze bezuelen. Dat misst een héichhalen, seet d’Corinne Cahen. Et bräicht een e gudde Service public.
Ob den Desequiliber tëscht dem Privatsecteur an dem Staat nach ze justifiéieren ass? Dorop äntwert d’DP-Politikerin, dass bei hir am Betrib d’Paien och géingen e groussen Deel vum Budget ausmaachen. Aktuell ass d’CGFP derbäi, een neie Gehälteraccord ze negociéieren. Sollten d’Paien nach eemol eropgoen, wier bestëmmt genuch Sputt dofir virgesinn, esou d’Budgetsrapportrice. Mee si géing sech net an déi Diskussiounen tëscht Ministeren a Gewerkschaften amëschen.
Kritik um Budget vun der Oppositioun: Et feelt u konkrete Mesuren
Dass et u konkrete Mesuren am Budget géing feelen, léisst d’Rapportrice net gëllen. Notamment am Logement wier vill Budget virgesinn. Eleng fir Vefa-Projeten (vente en l'état futur d'achèvement) wiere 480 Millioune virgesinn. 15 Prozent vum Budget geet an d’Bildung a 47 Prozent a Sozialtransferten.
Punkto Recettë misst ee ganz däitlech soen, dass de Finanzsecteur gréisste Contributeur ass mat 4-5 Milliarden Euro d’Joer. D’Regierung misst awer och kucken, fir zum richtegen Ament z’investéieren, fir dass déi Bréck tëscht enger Start-Up an dem fäerdege Produit ka gespaant ginn. An Amerika géinge se do ganz séier Milliarde mobiliséieren. Domat hätte mer an Europa éischter Schwieregkeeten. Do wier souwuel eng Banque européenne d’investissement gefuerdert, wéi och d’Regierungen, notamment hei am Grand-Duché. Fir dass d’Betriber net dowéinst fortginn, erkläert d'Corinne Cahen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.