E Freideg de Moie war de Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

De Lëtzebuerger Institut fir Wëssenschaft an Technologie (LIST) huet dës Woch säin 10. Gebuertsdag gefeiert. Dofir war de Vizepresident a vum 1. Januar u President vum Verwaltungsrot eisen Invité vun der Redaktioun. Den Etienne Jacqué huet e ganz positive Bilan vum leschte Joerzéngt gezunn. Iwwer 3.000 Projete goufe lancéiert, iwwer 200 Patenter ugemellt an iwwer 2.000 Publikatioune verëffentlecht.

Ouni LIST hätt ee keng Hightech-Industrie hei am Land



D’Missioun vum LIST wier et, fir e sozio-ekonomeschen Impakt ze hunn an deen och ze valoriséieren. D’Coronakris wier e gutt Beispill. Do hätten d’Ofwaasser-Analyse vum LIST eng wichteg Roll gespillt. Donieft wier den Institut awer och wichteg, fir Lëtzebuerg als Wirtschaftsstanduert attraktiv ze maachen. Historesch gesinn, wier Lëtzebuerg een Agrarland, duerno koum de Stol, dunn d’Banken. Wann een awer Industrie wéilt op Lëtzebuerg bréngen, da bräicht een eng gewësse Basis. Notamment een Technologiezentrum wéi de LIST, deen an Technologië recherchéiert an dann Technologië bereetstellt, déi eng Industrie kann iwwerhuelen an ëmsetzen. Et wier quasi eng Obligatioun, esou een Institut ze hunn, well ouni kéint ee keng Hightech-Industrie an d’Land zéien. Et géing ee bei der Recherche fondamentale ufänken an déi sou wäit entwéckelen, bis se "industrialiséierbar" ass. Duerch de LIST wiere scho vill Betriber an de Grand-Duché komm, erkläert den Etienne Jacqué.

Iwwer 60 Nationalitéite schaffen am LIST



Iwwer 700 Leit schaffen am LIST mat iwwer 60 verschiddenen Nationalitéiten. Eng Missioun wier et och, fir Leit auszebilden. An do hätt een an de leschten 10 Joer 900 Doktoranden duerchgeschleist an 180 Theesen ënnerstëtzt. Dat natierlech och an Zesummenaarbecht mat der Uni Lëtzebuerg. Et wier wichteg, gutt Fuerscher aus der ganzer Welt unzezéien a bis ewell géing dat och ëmmer nach geléngen. Ënner anerem och, well een an de leschte 5 Joer 5 PEARLe vum FNR (Fonds national de la recherche) kritt. Dëst si Programmer, quasi Bourssen, mat deenen ee renomméiert Wëssenschaftler an d’Land zitt. Donieft géing hei am Land un Theme geschafft gi wéi dem Quantum-Computer, dem Space-Beräich an der Kënschtlecher Intelligenz – och dat géing d’Wëssenschaftler unzéien, erkläert de Vize-President vum Verwaltungsrot.

"Elengstellungsmerkmal" Space Labo 



Et gi verschidde Beräicher, an deene Lëtzebuerg eng Virreiderroll ka spillen. Zum Beispill am All. Mat der Initiativ Space Resources hätt een e Laboratoire hei am Land opgebaut, deen direkt un déi Europäesch Space-Agentur gebonnen ass. Esou ee Laboratoire wier zimmlech eenzegaarteg an Europa. Dat wier quasi een "Elengstellungsmerkmal" an Lëtzebuerg brauch dat, erkläert den Invité. Punkto KI an Defense misst een nach kucken, wéi ee sech wéilt positionéieren. Et hätt een awer en neie Projet gewonnen, wat déi kënschtlech Intelligenz ugeet. Do misst een elo e Konsortium besetzen, an deem och 7 aner Länner mat dra sinn.


Et kéint ee sech donieft punkto Support aus der Politik net bekloen. Et géing ee fonctionéieren op Basis vun enger Dotatioun vum Ministère de la Recherche an ouni déi kéint een iwwerhaapt net fonctionéieren. Et hätt een eng gewësse Käschtenexplosioun am Beräich vun de Salairen an de Materialien, mat där een nach misst ëmgoen. Mee d’Politik hätt och eng Roll als Vermëttler an do wier ee frou, dierfe bei Wirtschaftsmissiounen derbäi ze sinn, sou den Etienne Jacqué.
 

Invité vun der Redaktioun: Etienne Jacqué

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.