Jeeër "balleren" net op alles, wat kënnt
En Dënschdeg de Moie war d'Juegd Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Mir schéissen eng 400 bis 450 Hirschen d’Joer, eng 7.000 Réi an tëscht 6.000 an 8.000 Wëllschwäin, sot en Dënschdeg de Moien de Jo Studer, President vun der Jeeërfederatioun. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
"Et muss een awer och wëssen, dass dat en Ofschoss ass, dee mer operluecht kréien, wou mer net einfach elo soen, mir ginn elo dohinner a mir balleren op alles, wat kënnt", betount de Jo Studer, President vun der Jeeër-Federatioun als eisen Invité vun der Redaktioun.
De Jo Studer ass gläichzäiteg och Gerant vun der Provençale a reagéiert an dem Kader op eng Kritik vum Pit Mischo vum FSC (Forest Stewardship Council) um 100,7 viru gutt dräi Wochen. Hie misst oppassen, wat hie géing soen, et géing nämlech net stëmmen, dass zu Lëtzebuerg ënnert "dubiéisen" Ëmstänn massiv Wëld aus Neiséiland importéiert géif. D’Provencale hätt de Veterinär all Dag sur place, an dee kéint sech d’Pabeieren ukucken. Dat importéiert Wëld kéim aus Europa, ausser et wier anescht gekennzeechent. Dass d’Provençale elo keng konkret Zuelen zu den Importer nenne géif, wier fir e Betrib normal Praxis.
D'Iess-Kultur fir Wëld am Summer z'iessen, ass verluer gaangen
Well bei eis Wëld baussent der Wanterzäit net esou beléift ass, hätten d’Jeeër elo am Wanter deels Engpäss, mee de Rescht vum Joer hätte se es ze vill. De Jo Studer appelléiert dofir un d’Consommateuren, sech och baussent dem Wanter un d’Wëld ze trauen. Dat wier och méi gesond wéi anert Fleesch, well et sech fräi beweegen an ernäre kéint an net aus Massendéierenhaltung kéim.
Haaptdefi: Unerkennung vum Jeeër
Haaptdefi bleift fir de Jo Studer d’Unerkennung vum Jeeër. Kritiker sollten einfach emol matgoen a sech ukucken, wéi d’Jeeër schaffen. En Drëttel vum Wëld géif iwwerdeems vum Hochsitz aus geschoss ginn. Allerdéngs kéint ee sech aktuell net iwwert Nowuess beschwéieren. Et géifen och ëmmer méi Fraen de Juegdschäi maachen.
De President vun dee Jeeër stéiert sech och drun, dass de Klimawandel ze séier mat der Juegd a Verbindung ze bréngen. Et géing ëmmer vill Schold op d’Wëld gedréckt ginn, wat jo vill an de Bëscher ewech frësst. An der Vergaangenheet wären d’Bëscher awer och vläicht falsch ugeplanzt ginn. An och déi europäesch Landwirtschaftspolitik wier mat Schold, dass d’Bëscher géifen zeréckgoen.
Mat der Politik wier den Drot aktuell gutt, esou wuel mam Ëmweltminister Serge Wilmes wéi och mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Ma et géing ee sech awer méi Ënnerstëtzung wënschen, zum Beispill, dass een eng Stonn éischter mat der Juegd ufänke kéint. Duerch déi vill Beweegung am Bësch kéim d’Wëld ëmmer méi spéit eraus.
An dem Kader fuerdert de Jo Studer och, dass iwwert de Juegten d’Stroossen net misste gespaart ginn, mee dass op deene kriddelege Plazen dee Moment eng Vitesslimitt vun 30 respektiv 50 Stonnekilometer agefouert géif.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.