Keng Plaz fir den Nightshelter, well d’Bierger sech wieren
E Freideg de Moie war d'Aarbecht vun der ASBL Inter-Actions Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’ASBL Inter-Actions steet no 45 Joer op stabille Féiss, mä Suerge mécht virop de Logement. Dat huet de President Roger Faber als eisen Invité vun der Redaktioun festgestallt. Doriwwer eraus misst een d’Leit aus alle Gesellschaftsschichte méi an demokratesch Prozesser abannen.
Mir fanne keng Plaz, well d'Bierger sech wieren
Inter-Actions geréiert zum Beispill de Service "A Vos Côtés" an der Stad, hëlleft bei der Wanteraktioun a geréiert de Service Premier Appell, wou Sans-abrien d’Nuecht kënne verbréngen. Aktuell ass dee Service an enger ëmgebauter an isoléierter Remorque ënnerbruecht a bitt aacht Plazen. Et wier schwiereg, eng fix Plaz fir een Nighshelter ze fannen, well ëmmer, wann een eppes fonnt hätt, géingen d’Leit aus der Noperschaft sech dogéint wieren. Dat hätt verschidden Ursaachen. D’Leit hätten Angscht viru "komesche Matbierger" an de Problemer, déi si eventuell kéinte matbréngen oder carrement d’Angscht, dass hiert Appartement doduerch u Valeur verléiert.
Wanteraktioun huet misse méi selektiv ginn
D’Wanteraktioun huet dëst Joer misste méi selektiv ginn, wat d’Opnam vu Sans-abrien ugeet. Leit, déi eréischt zanter kuerzem zu Lëtzebuerg sinn, dierfe just nach dräi Deeg do schlofen, wärend hir Réckrees organiséiert gëtt. De Roger Faber huet Versteesdemech dofir, well d’Plaz wier extrem limitéiert.
"D'Arméi huet och missen e gehëtzten Zelt bäisetzen, well dat fest Gebai um Findel, do kann ee bis 250 Better hikréien. A soudatt mer hu missen, oder Dräieck, well mir si jo als Inter-Actions ee vun den dräi Partner do. Dräieck huet missen eng Decisioun, eng Léisung fannen, fir net do iwwer hir Grenzen erauszestoussen. An dat do war, bon, an der Iwwerleeung déi einfachst oder, loosse mer soen déi manner, déi am mannste wéideet."
Op d’Fro, ob dat mat engem gewëssene Sozial-Tourismus ze dinn hätt, äntwert den Invité, dass een effektiv déi lescht Joren een "Hin- an Hier" tëscht de Länner constatéiert hätt. D’lescht Joer wier zum Beispill e Mann aus Holland komm, well hien den Tuyau krut, dass een hei am Wanter gutt kéint ënnerkommen. Dofir hätt een einfach missen eng Limitt aféieren.
Vum Caritas-Skandal géing d'ASBL Inter-Actions net wierklech Konsequenze spieren, well de Gros vun hire Suen net vun Done kéimen, mä zu 95 Prozent aus Konventioune mam Staat a mat de Gemengen.
D'ASBL huet dës Joer iwwregens hire 45. Gebuertsdag gefeiert. Dat ouni grouss Feier, mä dofir mat enger Expo "Who's Next?" an der Abtei Neimënster. Do geet et ëm de Sans-Abrisme, d'Architektur a wéi d'Stad-Entwécklung domat ëmgeet.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.