Loyersdeckel net fir haut a muer
E Méindeg de Moie war de Logement Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Verlängerung vun de steierleche Mesuren ëm weider 6 Méint wiere keng Kaddoen, mee et wiere responsabel Mesuren, déi d'Baubranche um Rullen halen. Dat huet de Logementsminister Claude Meisch e Méindeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun ënnerstrach. Nach am November war hie formell, dass déi Avantagen den 31. Dezember 2024 auslafe géingen, ier de Premier Luc Frieden de 6. Dezember annoncéiert hat, se géifen nach bis Enn Juni 2025 gräifen. Dorënner falen de gehéichte bëllegen Akt fir Privatleit an Investisseuren, déi méi séier Wäert-Ofschreiwung (Amortissement acceleré) vu 6 Prozent a manner Steieren op der Plus-value beim Verkaf. Zanter Oktober bezilt een ausserdeem manner Enregistrementskäschten.
Demande beim Neibau ënnerierdesch, trotz Steiermesuren
Iwwerdeems am Bestand nees méi kaaft gouf, fält d'Demande bei neien Appartementer um Plang (VEFA- Vente en l’état futur d’achèvement) trotz de steierleche Mesure weider:
2023 goufen 814 där Appartementer verkaf, 2024 waren et der bis Dezember grad mol 758, woubäi de Staat der dovun 208 an de Fonds du Logement 61 kaaft hunn. D’Privat-Demande ass also nach méi niddreg. Iwwerdeems d'Präisser am Bestand falen, weisen d'Zuele vun athome fir d'lescht Trimester 2024 eng liicht Hausse bei den Appartementer um Plang. De Logementsminister bleift awer dobäi, dass d'steierlech Mesuren trotzdeem och dem Bau zegutt kéimen.
Et géing een ewell mierken, dass verschidde Promoteuren hir Präisser géingen upassen : "Ech mierken, datt och eenzel Promoteure méi aggressiv mëttlerweil awer un de Marché ginn, mat Steierreduktiounen, mat Präisreduktiounen, mat och neie Formullen, fir eben och Objete kënnen op de Marché ze ginn, déi finanzéierbar sinn".
Loyersdeckel net fir haut a muer
Am Abrëll hat de Logementsminister annoncéiert, et géing een d'Fro vum Loyersdeckel nach eemol op de Leescht huelen. E Méindeg am RTL-Interview huet de Minister betount, et bräicht een e Mietspiegel fir d'ganzt Land an do bräicht een Donnéeën. Dofir géif een aktuell mam LISER zesummeschaffen.
An onsécheren Zäite wier et awer net dee richtege Moment, fir iwwert e Loyersdeckel ze schwätzen. Et bräicht een Investisseuren, soss géif et dono och keng Wunnengen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.