Ëmmer méi Leit hu Panikattacken oder Angschtstéierungen
En Dënschdeg de Moie waren Angschtstéierungen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Et gëtt ëmmer méi Leit, déi Angschtstéierungen oder Panikattacken hunn, och ëmmer méi Jonker. Et gëtt zwar keng konkret epidemiologesch Studien doriwwer, mee et géif een et un de renge Patienten-Zuele mierken. Dat sot den Dr. Charles Benoy en Dënschdeg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun.
De Psychotherapeut, deen an der Rehaklinik zu Ettelbréck schafft, huet zesumme mam Prof Dr. Marc Walter viru Kuerzem d’Buch "Panik: Angst und Panikattacken verstehen und bewältigen" verëffentlecht. Et wéilt een op d'Hausse vun Fäll opmierksam maachen, och well d’Waardezäite fir eng Behandlung extrem laang wieren.

Laang Waardezäiten an der Psychiatrie hunn uerg psychosozial Konsequenzen
Et hätt ee Problemer, Personal ze fannen an et wiere vill Leit, déi sech géinge mellen. Wann d’Leit bei der éischter Kéier, déi se uruffen, gesot kréien dass keng Plaz ass, géing et dacks ze laang daueren, bis se nees géingen uruffen. Da wier d’Krankheet ganz wäit fortgeschratt an et hätt uerg Konsequenzen. Dacks hätten d’Leit zum Beispill schonn hir Aarbecht verluer, et géif Problemer an der Famill an/oder der Partnerschaft. Dëst wiere Kollateralschied, déi engersäits d’Behandlung méi laang a schwéier géif maachen an anerersäits d’Liewe fir déi Betraffen an hiert Ëmfeld géif erschwéieren.
Eng Panikattack entsteet dacks ouni Grond
Den Ënnerscheed tëscht Angscht a Panik wier virop, dass Panikattacken aus heiterem Himmel opdauchen. Fir de Betraffene wier dat ganz schwéier, well ee vun engem Moment op den anere ganz staark Angscht huet, ouni Grond. D’Symptomatik wier meeschtens déi selwecht: ganz séieren Häerzschlag, Schweessausbréch an Kuerzootmegkeet. D’Leit fäerten den Ament einfach ze stierwen oder schwaachzefalen, erkläert de Charles Benoy. Bei der Angscht hätt een dogéint ëmmer eng Ursaach: zum Beispill Angscht viru Spannen oder virun Hënn oder virum Fléien.
Ginn et Leit, déi méi ufälleg sinn wéi Anerer?
Typescherweis wiere Leit, déi hire Kierper als méi vulnerabel ugesinn, also zum Beispill eng chronesch Krankheet hunn oder Leit, déi vill Stress ausgesat sinn, méi dacks vun Panikattacke betraff. Am wichtegste wier et an Amenter vu enger Panikattack sech selwer ze soen oder der betraffener Persoun ze soen, dass et keng geféierlech Situatioun géif ginn. Roueg duerchootmen, virun allem vill ausootmen, dass de Kierper kann eroffuere. Dat wier wichteg.
Risikofacteure si chronesch kierperlech Erkrankungen, finanziell Problemer, sozial Isolatioun an e Mangel vu soziale Kontakter an Ënnerstëtzung. D’Fro wier, wéi een déi betraffe Mënsche kéint ënnerstëtzen, fir esou Erkrankungen ze verhënneren.
Firwat ginn et hautdesdaags ëmmer méi Leit mat Panikattacken?
Am Buch hätt een engersäits d'Hypothees an de Raum gestallt, dass sech d’Verhältnis vun de Leit zu hirem Kierper verännert huet. Haut géingen d’Leit hire Kierper vill méi bewosst wouerhuelen. Se wieren also vill méi séier alarméiert, wann et physiologesch Verännerunge gëtt, souguer wann déi fir den Organismus normal sinn. Anerersäits géingen d’Leit haut mam Kierper ëmgoen, wéi wann en eng Maschinn wier. An dëser Gesellschaft géingen ëmmer manner Pause gemaach ginn. Et géing en vun dem Engen op dat Anert sprangen an et wier een deemno an engem chroneschen Aktivéierungszoustand. Dat misst ee weider ënnersichen, erkläert de Psychotherapeut Dr Charles Benoy.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.