"De Fonctionnement vum Staatsrot ass absolutt guer net parteipolitesch"
E Mëttwoch de Moie war de Staatsrot Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D’Diskussioune ginn net no Parteilinnen, mee op der Saach gefouert. De Fonctionnement vum Staatsrot wier net politesch an et géif een eng technesch-juristesch Aarbecht maachen, sot de Moien de Marc Thewes, de President vum Staatsrot. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
De Virworf, datt de Conseil d’État net transparent wier, léisst hien net gëllen. All Avise wieren ëffentlech an alles, wat geschriwwe gëtt, gëtt publizéiert. An do virdru wär et einfach net fäerdeg.
De Staatsrot verschafft bis zu 400 Gesetzestexter d'Joer. Aktuell leien eng 150 Dossieren um Koup fir en Avis. Déi meescht Avise wäre séier fäerdeg, déi séierst géifen zwee bis dräi Méint brauchen. Déi meescht wäre bannent sechs bis aacht Méint prett. 10 bis 15 Prozent bräichten awer méi laang, bis iwwert e Joer souguer. Dat hätt mat der Komplexitéit, awer och mat der Qualitéit vun den Texter ze dinn, déi heiansdo net sou gutt geschriwwe wären.
Wéi ass de Staatsrot zesumme gesat? 21 Membere gëtt et, plus den Ierfgroussherzog, deen awer zanter e Lieutenant-Representant ass, net méi Member ass. Am November zejoert war den LSAP-Kandidat Max Leners net an de Staatsrot gewielt ginn. De Marc Thewes huet bedauert, datt d’LSAP e Kandidat verluer hätt. Mä et géif de beschtméigleche Kandidat an engem anonymme Vott gesicht ginn, mä “dem Max Leners seng Zäit géif kommen”.
Virun engem décke Joer huet de Conseiller Lucien Lux missen eng Rüg kréien, well deen en Avis vum Staatsrot zu engem Gesetzesprojet un de Promoteur Flavio Becca weider ginn huet. Den Här Lux hätt e Feeler gemaach an deem wier e sech och bewosst, huet de Marc Thewes ënnerstrach. Hien hätt e “Blâme” kritt, dat wier méi eng streng Strof gewiescht, wéi recommandéiert.
Et ginn Interessekonflikter, mee et géif drëms goen, déi ze geréieren, sou de Staatsrot-President. Héich Beamte si jo zum Beispill och am Héije Gremium. Déi traitéieren Dossieren aus hiren eegene Ministèren net.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.