Manner administrativ Demarchen, méi Zäit fir Sozialaarbecht
E Mëttwoch de Moie waren déi rezent sozial Upassungen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
D'Hausse vum Mindestloun an dem Revis mat där de Kafkraaftverloscht ausgeglach gëtt an donieft d’Hausse vun der "Allocation de vie chère" a vun der Energieprimm: dat wier dat Bescht, wat de Leit konnt geschéien. Dat sot d'Ginette Jones als eis Invitée vun der Redaktioun. D’Presidentin vun der Entente des Offices Sociaux ënnersträicht, et wier net mat der Strenz geschafft ginn. D'Sue géife wierklech bei deene Leit ukommen, déi se bräichten.
Natierlech géing grad d’Allocation de vie chère och mol bei Leit ukommen, déi Addiktiounsproblemer hunn. Vläicht wieren d’Suen do och iwwer d’Chrëschtdeeg mol eng Kéier a Geschenker fir d’Kanner investéiert ginn, well se dat déi lescht Joren net konnte maachen. Dat kéint ee kritiséieren, well et net esou geduecht ass. Mä och déi Schwächst kéinte mol eng kleng Folie maachen. Et misst een elo einfach eng Evaluatioun maachen zesumme mat de Leit a kucken, dass an Zukunft och d’Geld do investéiert gëtt, wou et wierklech gebraucht ass.
Duerch d’Digitaliséierung gewanne mer méi Zäit fir d’Sozialaarbecht
D’Ginette Jones begréisst och, dass mëttlerweil verschidden Demanden, wéi zum Beispill d’Allocation de vie chère, automatiséiert goufen. Dat misst awer definitiv nach op aner sozial Mesuren ausgebaut ginn. Bis ewell hätt eng Assistante sociale bis zu 60 Prozent vun hirer Zäit mam Ausfëlle vun administrativen Demarche verbruecht. Mat dëser Automatiséierung erwaart ee sech dofir och méi Zäit fir déi wichteg Sozialaarbecht mat de Leit. Also fir eng Relatioun opzebauen, step by step. Dat wier also am Endeffekt gutt investéiert Geld.
Loyerssubventioun muss vereinfacht ginn
Et wier elo wichteg aner Schantercher unzegoen. Zum Beispill d’Vereinfache vun administrative Prozedure wéi der Loyerssubventioun. Déi wieren deels esou komplex an zäitintensiv, dass d’Leit sech misste Congé huelen, fir déi ze maachen. Dat géing d'Leit natierlech ofschrecken, fir iwwerhaapt eng Demande ze maachen. Dat wier awer dramatesch, well d'Loyeren eng staark finanziell Belaaschtung sinn. An déi 200 Euro Loyerssubventioun géingen da feelen. Vill Leit géingen och keng Demande maache beim Fonds du logement, well se der Meenung sinn, dass se souwisou keng Wunneng kréien. An den Offices sociaux géing ee versichen, de Leit esou gutt et geet ze hëllefen, de Logementsproblem kéint een natierlech net léisen an de géing de Budget vun de Leit ewech friessen.
Wéi fir d’Pensioune brauch et och e breeden Debat fir d’Aarmut
Et bräicht ee breeden Debat iwwert d’Aarmutsbekämpfung an net just mat den Office sociauxen. Et misst een eng änlech Approche fuere wéi d’Asbl ATD Quart Monde. déi déi Concernéiert selwer zu Wuert komme loosse. Ganz wichteg wier och, dass déi politesch Responsabel mol op den Terrain Wunnenge kucke ginn, wou d’Leit mat Kanner a Puppelcher en toute détresse “hausen”, well vu wunne kéint een do net méi schwätzen, kritiséiert d’Ginette Jones. Déi Leit hätten null Perspektiv an et misst ee mat deene Leit schwätzen. Den Debat misst natierlech net op der Place publique gefouert ginn, fir d’Leit net z’exposéieren. Mä den Debat misst awer gefouert ginn, sou d’Presidentin vun der Entente des Offices Sociaux.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.