E Freideg de Moie war d'IT Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir hunn esou Attacke quasi all Dag. Mir hu mëttlerweil awer Systemer en place, déi déi meescht dovunner automatesch kënnen ofwieren. Dat sot de Patrick Houtsch e Freideg de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun, iwwert déi sougenannt DdoS-Attacken (Distributed denial of Service), op staatlech Systemer, déi am Laf vum leschte Joer zougeholl hunn.

Dës Attacken hunn net als éischt Zil fir Daten ze klauen, mee fir Systemer net méi disponibel ze maachen. De System gëtt dobäi vun Honnertdausende Computere gläichzäiteg mat Ufroen iwwerschwemmt, esou dass en ofstierzt an net méi disponibel ass. Et wier net um CTIE fir ze kommentéieren, wien do hannendrun stécht a dat wier och schwiereg erauszefannen, well jo Honnertdausende Computeren aus der ganzer Welt doru bedeelegt sinn, erkläert den Direkter vum CTIE. Dat kënnen dacks och Computere vu Leit sinn, déi et mol net wëssen, well hire System mat “Malware”, also engem Virus befall ass.

Méi Cyberkriminalitéit: Et kann ee Suen domat maachen

Et ginn ëmmer méi Phising-Attacken an d’Cyberkriminalitéit geet an d’Luucht. Dat concernéiert jiddereen. Messagen iwwer SMS oder iwwer Email, dass e Pak ukomm ass oder dass d’Kaart ofleeft. Dat ass ee Constat den och den CTIE mécht. Firwat dat esou wier, ass natierlech schwéier soen,ma virop géingen sech ebe Suen domat verdénge loossen. Dacks géing et awer och politesch Hannergrënn ginn. Mee dat géing hien als Direkter vum CTIE net  kommentéieren.

“Mir setze ganz vill op Daten-Sécherheet an Daten-Souveränitéit”

Et wier een zu Lëtzebuerg generell gutt opgestallt, fir de Staat an déi staatlech Systemer géint esou Cyberattacken ze schützen. Et wier ee relativ onofhängeg a géif wéineg vun auslännesche Servicer ofhänken. “Mir setze ganz vill op Daten-Sécherheet an Daten-Souveränitéit”, erkläert de Patrick Houtsch. Et wier wichteg, dass mer net ze vill Ofhängegkeet hu vun Decisiounen, déi ausserhalb vu Lëtzebuerg Europa getraff ginn.

Dofir ass och déi Konventioun déi een en Donneschdeg mat Clarence (Joint-Venture tëscht Proximus a LuxConnect) ënnerschriwwen huet, ganz wichteg. Clarence stellt dem Staat eng Cloud zur Verfügung, wou sensibel Donnéeë kënne gespäichert ginn an nei Technologien domat kënne bedriwwe ginn. Clarence ass eng Lëtzebuerger Entreprise an d’Servere stinn zu Lëtzebuerg. Do huet keng extern Entreprise, wéi zum Beispill Google, Zougang dozou an déi Maschinne sinn och net um Internet connectéiert.

“Dat ass alles deconnectéiert vum Internet, deconnectéiert vu Google. [...] D'Donnéeë sinn hei, et ass lëtzebuergesch Legislatioun, déi spillt an et sinn ons Leit, déi dat bedreiwen.”

Hätt de Caritas-Skandal kënne verhënnert ginn?

Op de Caritas-Skandal mat enger besserer IT-Sécherheet hätt kënne verhënnert ginn, wier net um CTIE ze kommentéieren, seet den Direkter. Eng gutt Sécherheet, gutt Informatioun a Sensibilisatioun vu Leit kéinten awer sécherlech ëmmer hëllefen, fir esou Affären z’evitéieren. An deem Kontext ass den 11. Februar och den internationalen "Safer Internet Day", deen de Grand-Public op d'Geforen am Netz soll opmierksam maachen. Weider Informatiounen fannt Dir op beesecure.lu.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Houtsch

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.