Eng Duerfkierch kascht 20.000 Euro d'Joer, d'Hallschent ass fir d'Energie

© Annick Goerens / RTL
En Dënschdeg de Moie war de Bilan no zéng Joer Trennung vu Kierch a Staat Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Zéng Joer Trennung vu Kierch a Staat: Dat war e Chantier mat villen Architekten an eng spannend Zäit., sot de Paschtouer Edmond Ries. D'Fusioun vun de Kierchefabrécken hätt sécher och fir Opreegung gesuergt. Aus 274 Kierchefabrécke goufen der 103 op kommunalem Plang. Et hätt ee sech missen nei erfannen. Aus 274 Pore goufen der 33 gemaach. Elo wier ee méi authentesch a méi kredibel an d'Gemeinschaftsgefill wier duerch d'Zesummeleeë gestäerkt ginn.
Lëtzebuerger Kierch ass ganz international
Zu Lëtzebuerg wier d'Zuel vun de Kierchegänger awer réckleefeg. "Ech sinn zefridden, wa mer an eisen Duerfgemeinschaften 30 bis 40 Leit Sonndes zesummekréien", sou de Paschtouer. An deene grousse Kierchen léich d’Zuel bei 100 bis 120 Leit. Mä d’Lëtzebuerger Kierch wier och ganz international mat enger portugisescher, kroatescher, italieenescher a franko-afrikanescher Gemeinschaft. Bei der portugisescher Gemeinschaft géingen och alt emol 250 Leit beieneekommen a bei der kroatescher 160, dorënner vill Jonker.
D’Lëtzebuerger wiere relativ liberal a géinge sech reliéis net esou gär outen. Do wieren d’Zuele scho réckleefeg.
Eng Disko an enger desakraliséierter Kierch?
Vun de 500 Kierchen a Kapellen am Land gehéieren der nach 140 dem Kierchefong. Déi aner 360 sinn am Besëtz vun de Gemengen. 20 bis 25 Kierche goufen an de leschten zéng Joer desakraliséiert. Wat mat deene geschéie soll, wier nach net esou kloer. Et wier een nach net sou wäit wéi an Holland, wou Diskothéiken a Kierche gebaut ginn. Hei géing ee vu Bibliothéike schwätzen. Den Abbé Ries kéint sech awer virstellen, e Kolumbarium an de Kierchen ze maachen. Also eng Plaz, wou Urne kéinte stockéiert ginn.
Kierchen kaschten
Eng Kierch kascht. Speziell d'Energie-Fraise wieren héich. Fir eng Duerfkierch z’ënnerhale bräicht ee 15.000 bis 20.000 Euro d’Joer. D’Hallschent dovunner wieren Energiekäschten. Eng grouss Kierch bräicht alt bis 160.000 Euro. Do wieren dann all d’Fraisen dra vum Organist, bis zum Koschter an de Blummen. An bei enger grouss Kierch misst ee fir d’Energie ronn 70.000 bis 75.000 Euro rechnen. “Dat ass schonn hefteg, fir dat zesummen ze kréien. Dat kritt der net am Sonndes-Affer.” Dowéinst misste weider Recettë geschafe ginn.
Engersäits hätt d’Kierch abordabele Wunnraum geschaaft, 420 Wunnengen. Domat géing een da senger chrëschtlecher Vocatioun trei bleiwen a gläichzäiteg e Chiffre d’Affaires vun 200 Milliounen Euro generéieren, mat de Ënnerstëtzung vum Ministère du Logement.
Gesetz op de Leescht huelen
Nieft de Suen aus Immobilie kéint sech den Edmond Ries och Ënnerstëtzung iwwert den Inneministère virstellen. Aktuell gëtt et hei am Land keng eenheetlech Léisung. Déi eng Gemenge géingen hir Kierchen ënnerstëtzen, well do och Museksschoulen dra prouwen oder Uergel-Coursen ugebuede ginn. Aner Gemengen net. Am Sënn vun der Gerechtegkeet wier et gutt, dat Gesetz eng Kéier op de Leescht ze huelen, fir eng eenheetlech Léisung ze fannen. Dat wier eng Win-Win-Situatioun fir béid Säiten.
Reliounsunterrecht an der Schoul war wichteg
Datt de Reliounsunterrecht aus der Schoul erausgeholl gouf, bedauert den Edmond Ries, well d'Léier vum Chrëschtentum gutt wier géint déi aktuell iwwerdriwwen "Ech-Kultur" op der Welt. U sech géing d’Zesummeliewen eréischt gutt fonctionéieren, wann ee seet: "you first". Do wier ee matzen an der Gedankewelt vu Jesus Christus, erkläert de Paschtouer Edmond Ries.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.