E Freideg de Moie war de Bau- an Immobiliësecteur Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Wat d’Chiffere vun de Baugeneemegungen ugeet, wiere mir nach ëmmer net an enger gesonder Situatioun, mee et wier alt Mol stabel. Allgemeng géing ee gesinn, dass d’Leit nees d’Vertraue gewannen, fir z’investéieren an et géif och méi renovéiert, wat ee positiv géing stëmmen. Dat sot d’Presidentin vum OAI, dem Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils e Freideg de Moien als eis Invitée vun der Redaktioun.

Een eenheetlecht Bautereglement

D’Michelle Friederici huet erkläert, dass den Ament am grousse Krees (zesumme mam Syvicol, der ITM, dem CGDIS, der INRA* an dem INPA**) en neit nationaalt Bautereglement ausgeschafft gëtt, wat déi 100 eenzel Gemenge-Bautereglementer soll ersetzen. Et géing iwwer Offall geschwat ginn, iwwer d’Waasserwirtschaft an d’Ëmwelt. Zwee Mol d’Woch kéimen do Aarbechtsgruppe beieneen. Am Ganze sinn et 8 där Reuniounen an d’Invitée hofft op éischt Resultater am Mee.

Mir si gefesselt duerch Normen

Et wier net esou, dass ee keng Visiounen hätt, et wier ee just a Reglementer gefaangen, sou dass een déi Visiounen net kéint ëmsetzen, kritiséiert d’Presidentin vum OAI. Et géing ee scho laang fuerderen, fir d’Normen am Privatsecteur (déi duerch d’ITM gereegelt sinn) an d’Norme fir de Staat (déi duerch d’Securité dans la fonction publique gereegelt sinn) ze harmoniséieren. Dat géing dem Bauhär méi Flexibilitéit ginn. Ob ëffentlech oder privat spillt et zum Beispill eng Roll, wat d’Norme fir de Brandschutz ugeet oder d’Héicht vum Plaffong. Do hätt een am Zweiwelsfall sech ëmmer fir déi méi streng entscheet, wat dann och deementspriechend méi deier ginn ass.

Mir kënnen net dauernd ofrappen an nei bauen

Den OAI fuerdert och méi Ënnerstëtzung fir de sougenannte “Gebäudetyp E”. Dat ass eng Initiativ vun der bayrescher Architektekummer, déi och vum Ministère ënnerstëtzt gëtt. "Mir wëllen nees méi einfach bauen.Mir wëllen awer och kënne 'E wéi experimentell' bauen." Et kéint een och net einfach esou op d’Norme verzichten an da méi bëlleg bauen, well als Architekt hätt een ëmmer nach d'Haftflicht. Doduerch wier een ageschränkt an et kéint een och net méi bëlleg bauen. Ganz dacks wéilt een zum Beispill och ee Changement d’affectation maachen an zum Beispill e Commerce an e Wunnraum ëmwandelen. Duerch déi vill Normen a Reglementer géing et sech allerdéngs net lounen ëmzebauen, dofir géing dacks ofgerappt a frësch gebaut ginn. "An dat kënne mer net méi verantworten". Grad och mat Bléck op den CO2. Dofir soll d’Politik d’Initiativ HouseEurope! ënnerstëtzen, fir dat ze verhënneren.

Den Ordre des Architectes et des Ingénieurs-Conseils feiert iwwregens dëst Joer 35. Gebuertsdag. Fir dës Occasioun organiséiert ee fir d'éischte Kéier een europäesche Colloque mat Architekten an Ingenieuren, wou eben och iwwer dës Sujete wäert diskutéiert ginn.

*Institut National de Recherches Archéologiques
**Institut national pour le patrimoine architectural

Invité vun der Redaktioun: Michelle Friederici

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.