E Mëttwoch de Moie war ënnert anerem déi europäesch Stolindustrie Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Mir liwwere bal 10% an d’USA an déi annoncéiert Taxe stellen deemno e gréissere Problem fir eis duer. Dat sot den Direkter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg Henri Reding e Mëttwoch de Moien. Hie war eisen Invité vun der Redaktioun.
 
Den Donald Trump huet jo annoncéiert, all Stol an Aluminium-Importer mat 25% zousätzlech ze besteieren. De Lëtzebuerger Chef vum Stolris hofft, datt d’EU-Kommissioun do Léisunge fënnt. Sollten déi Taxe voll spillen, géif et enk ginn. Aner Betriber géifen dann och kucken, fir enzwousch anescht hin ze liwweren. Wa se kommen, misst ee kucken, wéi ee mat den Taxe kéint liewen. Den Henri Reding hofft awer, datt een eng Léisung fënnt,
 
Produktioun zu Lëtzebuerg ass rentabel

D’Produktioun vun ArcelorMittal zu Lëtzebuerg ass u sech rentabel an d’Wierker sinn ausgelaascht. 3.450 Leit schaffe fir Arcelor hei. Ënnert anerem gi Palplanchë produzéiert oder Tramsschinnen. Mir hunn e ganz gudde Mix vu Masseprodukter an Nischeproduiten, déi méi deier kënne verkaf ginn, huet de Lëtzebuerg-Chef erkläert. Dee Mix géif et erlaben, och a schlechten Zäiten de “Kapp iwwer Waasser ze halen”.
 
Den Drock op d’Stolindustrie an Europa wär aktuell immens héich mat den Energiepräisser an dem Stroumpräis, deen un de Gaspräis gekoppelt ass. Vill Wierker kéinten einfach net méi käschtegënschteg produzéieren a missten zoumaachen. 9.000 Aarbechtsplaze wäre verluer gaangen.
 
CO2-Steier fir d’europäesch Wirtschaft net ze verkraaften

Wéi een d’CO2-Steier, déi vun 2026 soll gëllen, konkurrenzfäeg soll verdauen, weess den Henri Reding net. Déi ganz Wirtschaft an Europa géif dorënner leiden. Do wär d’Politik gefuerdert.
 
Nei Zentral um Kierchbierg soll a knapp zwee Joer fäerdeg sinn

A knapp zwee Joer soll déi nei Zentral vun ArcelorMittal um Kierchbierg fäerdeg sinn, villäicht schonn Enn 2026. Déi gëtt grouss, futuristesch, aus Stol a Glas. 21 Stäck héich. 5 Stäck goufe schonn an de Buedem gebaut. Vun Abrëll dëst Joer u wäert een dat Gebai gesi wuessen, esou den Henri Reding.

Invité vun der Redaktioun: Henri Reding

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.