E Mëttwoch de Moie war Suicide bei Jonken Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Invité vun der Redaktioun: Nadja Bretz

Zanter 50 Joer ass SOS-Détresse aktiv a bitt anonym Telefon-Berodung an Online-Berodung u fir Leit, déi Problemer hunn oder an enger Liewenskris sinn. Ronn 3.700 Appellen huet den Déngscht d’lescht Joer entgéintgeholl. D’Chargée de Direction Nadja Bretz war e Mëttwoch de Moien eis Invitée vun der Redaktioun. Déi ausgebilte Psychologin a Psychotherapeutin stellt fest, dass ëmmer méi Leit uruffe mat Suicide-Gedanken. Dat kéint een engersäits drop zeréckféieren, dass Suicide keen Tabu méi ass, wat jo positiv wier. Mee anerersäits géif et och weisen, dass Depressiounen an Ängschten an der Gesellschaft zouhuelen, wat dann och méi suizidal Krise verursaache géing.

KI-Modeller wéi ChatGPT ersetzen zum Deel eisen Online-Service

SOS Détresse huet 70 Benevollen, 60 dovun am aktiven Déngscht, déi also online oder via Telefon ze erreeche sinn. Zejoert huet d’Online-Berodung iwwer 900 Maile geschriwwen. Dat wier natierlech vill, mee awer och am Verglach mat de Jore virdru 50 Prozent manner Benotzer. Et hätt ee sech vill Gedanken doriwwer gemaach, firwat dës Zuel esou zeréckgaangen ass. 2023 wier ChatGPT lancéiert ginn. Dofir kéint SOS Détresse sech virstellen, dass zanterhier ëmmer méi User op de Kënschtlech-Intelligenz-Service zeréckgräifen, fir sech z’ënnerhalen. Dobäi wier ChatGPT och just d'Spëtzt vum Äisbierg. Et géing onendlech vill Appe gi mat KI-Modeller, fir virtuell Frëndschaft ze halen. Vill Lycéesproffen, mat deene si Kontakt hätt, géingen och confirméieren, dass et eng Rei Schüler ginn, déi all Dag Kontakt mat KI-Modeller hunn.

Als Psychologin a Psychotherapeutin hätt si de Service natierlech och selwer ausprobéiert. Den ChatGPT hätt ganz empathesch geäntwert a schrëftlech Konversatioun gehalen. Wéi si Suicide-Gedanken ugeschwat hätt, hätt d’Maschinn och SOS Détresse zu Lëtzebuerg proposéiert.

Ass KI dann net och eng Gefor? ChatGPT géing weltwäit mat Ethikkommissiounen, mat Soziologen a Psychologe schaffen, dat wier positiv, seet d’Nadja Bretz. Mee natierlech misst een och oppassen. Et géife Leit ginn, déi dës Algorithme ganz bewosst mat Feelinformatioune speisen, déi dann duerno verbreet ginn.

Zanter der Pandemie si mir ëmmer méi gefrot 

D’Nadja Bretz confirméiert, dass d’Pandemie eng Zäsur fir eis Gesellschaft war. Zanterhier klëmmt d’Zuel vun de Leit, déi uruffen, well se sech eleng fillen. 2019 waren et ronn 350 esou Gespréicher, an der Pandemie dunn ëm 700. An zanterhier wier et och net méi erofgaangen a léich elo am Schnëtt bei 550-600 Appeller. Si géing dat als eng Laangzäit-Konsequenz vun der Pandemie gesinn, erkläert d’Nadja Bretz.

SOS Détresse stellt an deem Kontext fest, dass sozial Medie besonnesch bei Jonken dozou féieren, dass si sozial Interaktioune quasi verléieren. Fir eeler Leit géing et vill flott Offere ginn, wéi zum Beispill de Club Senior, déi och gutt genotzt ginn. Et géif allerdéngs e Manktem un Offere gi fir 20+ (also 20, 30, 40 a 50 Joer al Leit). Vläicht kéint een do driwwer nodenken, Begéinungsstätten en place ze setzen, wou ee kéint higoen, fir mat anere Leit a Kontakt ze kommen, erkläert d’Chargée de direction vun SOS Détresse.

Leit, déi suizidär Gedanken hunn, kënnen Hëllef bei SOS Détresse um Telefon 45 45 45 kréien. All Informatioune fënnt een op www.prevention-suicide.lu.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.