En Méindeg de Moie war den Ausgang vun de Bundestagswalen Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Däitschland huet gewielt an eppes ass elo scho kloer: Et kann ee vun engem Richtungswiessel schwätzen. Ma wéi séier ass mat Koalitiounsgespréicher ze rechnen? Wier eng Regierung mat Union an SPD stabil genuch a wéi wäert Däitschland mat der AfD ëmgoen?

Dat alles hu mir  eis Journalisten op der Plaz gefrot, de Pierre Jans an de Serge Pauly. Si waren ëm kuerz no 8 Auer eis Invitéë vun der Redaktioun.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.