"De Kanner hir Fräizäit ass méi hannert dem Ecran"
Manner Ecran, méi Beweegung - an de Lycéeë kënnt an Zukunft op 6e a 5e eng Sportsstonn bäi. D’Sportsproffe begréissen dat.
"Mir begréissen a si frou, datt et vum nächste Joer u méi Sportsstonnen am Lycée gëtt", sot den Yves Picard am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien. Hien ass de President vun der Associatioun vun de Sportsproffen (APEP). D’nächst Joer kritt d’6e eng Stonn Sport bäi, d’Joer drop d’5e.
Physesch a motoresch Capacitéite si méi schlecht ginn
Et wier nämlech ee Fakt, datt et de Kanner net gutt geet. Si séizen ze vill hannert dem Ecran. Vill géife sech net genuch beweegen an dowéinst wieren hir physesch a motoresch Capacitéite méi schlecht ginn. En Deel vun de Kanner hätt näischt mat Beweegung um Hutt a wéisst net, wéi Effort sech ufillt, bedauert den Yves Picard. Och wann et natierlech nach sportlech Kanner gëtt.
Kanner just e Spigelbild vun der Gesellschaft
Kanner wieren awer och just e Spigelbild vun der Gesellschaft. D'Eltere misste mam gudde Beispill virgoen. Mir Erwuessener géifen awer och selwer wëssen, wéi en Zäitfrësser den Handy ka sinn. Wichteg wier och, de Kanner schonn am Fondamental Grondkenntnisser vu Sportaarte bäizebréngen. An datt se schwamme léieren, also an engem grousse Basseng eens ginn. Eleng de Schwammunterrecht géif awer do net duer goen.
Et misst e Gesamtkonzept sinn. An de Schoulen, der Famill, de Veräiner an de Betreiungsstrukturen. Iwwerall do misst eppes fir méi Beweegung am Alldag vun de Kanner an och vun den Erwuessene gemaach ginn, dat ganzt am Sënn vun enger méi gesonder Gesellschaft.
Handy an der Schoul méi strikt limitéieren
D’Lycée si jo elo opgeruff, sech méi strikt Handysreegelen ze ginn. De President vun de Sportsproffe begréisst, datt Schoule kënne couragéiert Decisiounen huelen a wënscht sech, datt den Handy an der Schoul méi strikt limitéiert gëtt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.