"Zil ass eng besser Politik"
E Mëttwoch de Moie war d'Fuerschung am Beräich vun der Politik Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wéi effikass ass dat, wat d’Politik decidéiert? Brénge politesch Mesuren dat, wat se sollen? De “LISER Policy Lab”, deen e Mëttwoch lancéiert gëtt, soll méi proaktiv, mat méi Struktur a faktebaséiert ëffentlech Moossnamen analyséieren an esou der Politik hëllefen, eng besser a méi effikass Politik ze maachen. D’Ekonomistin a Generaldirektesch vum LISER Aline Muller huet de Mëttwoch de Moien am RTL-Interview erkläert, datt een als ëffentlecht Fuerschungsinstitut eng Plus-Value wëll si fir d’Gesellschaft.
Ëffentlech Mesuren net op Gefill oder Verdacht
De "LISER Policy Lab" wier eng Zort Simulator, fir ze kucken, wéi een Impakt ëffentlech Mesuren hunn. Et hätt een dat scho gemaach, mä et soll elo méi Struktur kréien. Staatsgelder, déi net onendlech wären, sollen intelligent a mat maximaler Effikassitéit agesat ginn, mat wëssenschaftleche Fakten an net aus dem Bauch eraus oder op Gefill a Verdacht. Et wier schliisslech “kee Lotto spillen”.
D’Politik hätt dee “Policy Lab” net explizitt gefrot, mä et hätt een awer driwwer diskutéiert. Wat decidéiert gëtt, bleift och an den Hänn vun der Politik. Vum Ausseministère wär een zum Beispill gefrot ginn, fir d’Kooperatiounspolitik z’analyséieren, ob d’Lëtzebuerger Programmer dat Zil erfëllen, dat ugepeilt ass.
Eng Etüd vum LISER, déi an der Lescht dacks zitéiert gouf, ass déi vun 2018 iwwer den Impakt vun den Ouvertureszäiten am Commerce. De Wirtschaftsministère hat déi an Optrag ginn. Et wär een nach net fir en neie Rapport gefrot, sot d’Aline Muller. Si bedauert, datt mat alen Daten an engem ale Rapport den Debat gefouert gëtt. Well zanterdeem hätt vill geännert am Commerce. D’Konsumgewunnechte wieren haut ganz anerer, grad wéi d’Aarbechtskonditiounen.
An der Wirtschaft “si vill Warnliichter un”
De LISER analyséiert jo de sozio-ekonomesche Wandel am Land. Aktuell hu mer onsécher an turbulent Zäiten. Der Lëtzebuerger Wirtschaft geet et manner schlecht wéi aneren Ekonomien. Mä et wäre “vill Warnliichter un”. Lëtzebuerg ass eng kleng an oppen Ekonomie. Mat enger zolitter Basis, mä mat Erausfuerderunge fir d’Zukunft. Effikass Mesurë géife séier gebraucht ginn. Soss hätt een ëmmer méi Croissance mat méi Leit gehat, elo misst d’Produktivitéit an d’Luucht goen. D’Entreprisë missten an deem Sënn ënnerstëtzt a begleet ginn, esou d’Cheffin vum LISER.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.