Trump a Putin wëlle fir d'Ukrain "e Fridde vun den Oligarchen"
E Méindeg de Moie war déi europäesch Oprëschtung Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
"Der Ukrain muss een hëllefen" - militäresch, mee och ekonomesch, esou den Deputéierte vun déi Lénk David Wagner de Méindeg de Moien hei op RTL. Och seng Partei an hie wiere "selbstverständlech fir de Fridden", mee dat kéint kee Fridden "ouni de Wëllen vun der Ukrain" sinn. Den Trump an de Putin sollen en Dënschdeg matenee schwätzen, notamment och doriwwer, ewéi Terrain oder Kraaftwierker solle gedeelt ginn. Béid Muechten hu jo och d’Buedemschätz vun der Ukrain virun Aen.
"Wa se fäerdeg sinn, dann ass d’Ukrain net méi liefbar, dann huet d’Ukrain nach manner ewéi dat, wat et hat an dat kann een net akzeptéieren", esou den David Wagner. Den Deputéierte vun déi Lénk ass der Meenung, datt de "komesche Fridden", deen den US-President Trump an de russesche President Putin fir d’Ukrain wéilten, "e Fridde vun den Oligarche" wier.
Wat kéint de Grand-Duché dann dorunner änneren? Lëtzebuerg kéint dem David Wagner no "soen, wat richteg ass" an "ënnerstëtzen, wat richteg ass". A sengen Ae misst d’Ukrain militärescht Material zur Verfügung gestallt kréien, mee och ekonomesch misst d’Land ënnerstëtzt ginn. D’Schold misst erlooss ginn oder d’Rechter vun den Aarbechter gestäerkt ginn.
Ugeschwat op Pazifisten a senge Reien huet den David Wagner d’Fro opgeworf, ob d’Ukrainer da missten "einfach d’Waffen op de Buedem fale loossen?".
Russesch Menace fir EU schwéier anzeschätzen
Wéi grouss d’Menace vu Russland fir d’EU oder d’Nato wier, dat wier och "ganz komplizéiert" anzeschätzen. Ze mengen, ewéi den ADR-Fraktiounschef Fred Keup dëse Samschdeg am Background, datt Russland keen Interêt oder d’Capacitéit hätt, fir d’EU unzegräifen, wier "naiv".
Op der anerer Säit huet den David Wagner am Interview de Méindeg de Moien e puermol d’Fro opgeworf, wéi vill Russland scho selwer ënnert dem Krich gelidden huet a wéi vill Support de Putin nach a senger Populatioun hätt.
Den Deputéierte vun déi Lénk geet dann och dovunner aus, datt, wa Moskau seng Ziler an der Ukrain net erreecht, Russland och logescherweis manner geféierlech fir d’EU wier – e Grond méi a sengen Aen, fir Kiew z’ënnerstëtzen.
Rëschtungsspiral wier eng Gefor
D’Oprëschtung vun der EU, dat wier fir den David Wagner eng aner Fro. "Eng Rëschtungsspiral" wier dem Deputéierte vun déi Lénk no "eng Gefor". Hien huet drop higewisen, datt d’EU mat Frankräich d’Atomwaff hätt an d’EU-Länner zesumme scho méi Sue géinge fir d’Militär ausginn ewéi Russland. Et wier da méi eng Fro vun der Koordinatioun.
Wann een dann dovunner ausgeet, datt d’EU misst oprëschten, da schwätzt sech den David Wagner fir "eng demokratesch an ëffentlech Kontroll" vun der Rëschtungsindustrie aus. Et kéint net sinn, datt déi Industrie eng wier, op där Profit gemaach gëtt.
Et dierf een och net vergiessen, datt och an der EU autoritär Leadere riskéieren, un d’Muecht ze kommen.
Defense net op Käschte vu Logement, Klima a Schoul
Heiheem wäert d’Regierung mat der Ënnerstëtzung vun Deeler vun der Oppositioun d’Defenseausgaben an d’Luucht setzen. De Finanzminister Gilles Roth hat schonn am RTL-Interview virun 2 Wochen an nach emol d’lescht Woch am Kloertext op der Tëlee seng Demarche erkläert:
- méi Ausgaben dierfen net nëmmen iwwert Scholde gemaach ginn
- d’Sozialausgaben ginn net reduzéiert
- dowéinst soll et "Neiorientéierungen" oder "Reprioritiséierungen" bei den Investissementer ginn
- zur Steierfro sot hien: "ech schléissen à ce stade keng Pist aus"
Den David Wagner sot de Méindeg de Moien "tant mieux", wann d’CSV an d'DP net wéilten un d’Sozialausgabe goen. Dem Deputéierte vun déi Lénk "gefält awer och net, wa budgetär gespillt gëtt". Méi Ausgabe fir d'Defense dierften net op Käschte vun aneren Investissementer, ewéi déi fir de Logement, de Klima oder der Educatioun goen.
Wann d’Regierung Sue bräicht, da sinn déi Lénk der Meenung, datt "iergendeng Kéier awer och grad déi, déi vill hunn hei am Land, kéinte solidaresch sinn". Den David Wagner huet sech hei fir e méi héije Spëtzesteiersaz ausgeschwat.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.