Hëtzeg Diskussioune ronderëm de Krich an der Ukrain
E Samschdeg waren d'Sam Tanson, den Yves Cruchten an de Fred Keup eis Invitéen an der Emissioun Background am Gespréich um Radio.
"Mir wëllen all en Enn vum Krich" doriwwer ware sech d’Invitéeën an der Emissioun Background am Gespréich e Samschdeg de Mëtteg eens.
D’Sam Tanson vun déi Gréng huet betount, datt de Wladimir Putin sécherlech keng vertrauenswierdeg Persoun wier an ee skeptesch misst bleiwen. E Fridde wier och am Interêt vun den Europäer, dofir missten déi och mat um Dësch sëtze wann et bis zu Friddensnegociatioune kéim. E Fridden hätt awer och just Wäert, wann en nohalteg wier. Déi gréng Deputéiert huet betount, datt dat net zu egal wéi engem Präis kéint geschéien, et bräicht een e Fridden, deen och d'Strooss kéint halen. Et wier och absolut net kloer, datt Russland net nach aner Länner géif ugräifen, huet d’Sam Tanson ze bedenke ginn.
Dat gesäit de Fred Keup vun der ADR awer ganz anescht: Hien huet absolut keng Angscht, datt Russland Europa géif ugräifen. Si hätten a sengen Aen engersäits keng Moyenen dofir an och keen Interêt. En Discours, deen dem Yves Cruchten no, dee vum Kreml géif gläichen. Dem Putin wier net ze trauen an en hätt Interêt zum Beispill un de baltesche Länner, dat wier kloer. D'Gefor wier do, datt Russland net ophält a geschwënn un eiser Grenz steet. Hie wéilt keng Krichsrhetorik maachen, mee et misst ee sech bewosst sinn, datt een an enger onsécherer Situatioun wier an een eppes misst dogéint maachen. Et wier dem LSAP-Deputéierten no elo wichteg, net just datt d'EU, mee och d'USA a China Drock op Russland maachen, datt si enger Wafferou zoustëmmen a Friddensverhandlungen esou séier wéi méiglech kënnen ufänken.
Kee Versteesdemech fir Bewonnerung vum Donald Trump
Déi rezent Aussoe vum US-President mee och d'Humiliatioun géintiwwer dem ukrainesche President Selenskyj huet d'Sam Tanson dann op en Neits schaarf kritiséiert. Den Yves Cruchten kann net novollzéien, wéi een den Trump a seng Politik kéint bewonneren. Dem EU-Deputéierte vun der ADR Fernand Kartheiser seng Fanpost un den Donald Trump wier net am Numm vun der Partei verschéckt ginn, huet de Fred Keup da betount an ënnerstrach, si hätten als Partei keen Hype ronderëm den Trump gemaach. Hie gleeft drun, datt och d'Amerikaner op e Fridden hischaffen, deen am Interêt vun den Ukrainer ass.
Wéi kann eng Oprëschtung finanzéiert ginn?
Eens ware sech déi dräi Invitéeën, datt méi an d'Defense muss investéiert ginn, datt d'Sue sënnvoll investéiert ginn a se hunn och all begréisst, datt de Premier Luc Frieden an deem Kontext d'Oppositiounsparteie mat abënnt an Entrevuë mat jidderengem hat, respektiv nach wäert hunn.
Fir d'LSAP wier kloer, datt wann een no neie budgetäre Méiglechkeete sicht, dat op kee Fall op Käschte vum Sozialbudget dierft goen. Och d'Sam Tanson vun déi Gréng huet betount, datt et net drëms goen dierf, de Sozialstaat ze schwächen. Dat géif just zu Frustratiounen an Onversteesdemech féieren. D'Fro vun der Ëmverdeelung wier kruzial. An enger éischter Phas misst awer mol iwwer Scholde gefuer ginn, souwäit et néideg wier. Wann de Finanzminister Gilles Roth awer géif soen, hie géif mat roueger Hand kucken, wou een d'Suen hierhëlt, wier dat fir den Yves Cruchten e Beweis, datt de Minister selwer net wéist, wéi en et sollt maachen. Dat gesäit de Fred Keup awer anescht a begréisst, datt et mat Rou gemaach gëtt. Et sollt een näischt iwwerstierzt maachen, wat een dono géif bereien.
Nieft dem finanzielle Volet huet den LSAP-Deputéierten Yves Cruchten ënnerstrach, datt och organisatoresch Froe misste gekläert ginn. Zum Beispill, wéi Arméien zesumme funktionéiere kënnen. D'Sam Tanson huet hirersäits ervirgestrach, datt et eng grouss Erausfuerderung wier, datt d'Investissementer an Europa bleiwen an eis alleguer notzen an dat net just zu militäresche mee och zivillen Zwecker.
LIVESTREAM: RTL Radio Lëtzebuerg live lauschteren.
"Background am Gespréich" leeft ëmmer samschdes an der Mëttesstonn (vun 12 bis 13 Auer) op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream um Internet respektiv an der App (Audio a Video). Dono ass d'Emissioun op RTL.LU an um RTL Play zu all Ament nach eemol ze lauschteren oder ze kucken - an der Rubrik "Radio" bei Emissiounen "Background" wielen.