Nei Welt(on)uerdnung: Milliarde fir d'Defense
Mir mussen ons Verdeedegung selwer an d’Hand huelen. D’EU ass sech eens, de Schock, dass Trump-Amerika sech op d'Säite vum Putin stellt, sëtzt déif.
"Mir kucke mat Zouversiicht no vir a maachen dat mat enger roueger Hand", dat huet de Finanzminister Gilles Roth e Mëttwoch am Kloertext op der Tëlee ënnerstrach, deen ausnamsweis scho Mëttwochs koum an an deem et ëm déi milliardenhéich Depensë fir d'Verdeedegung goung, ëm déi sech Europa an Zukunft däitlech méi muss këmmeren.
An engem Ilres-Sondage fir RTL soen 80 Prozent vun de Leit, datt op d'USA kee verlooss méi ass an 73 Prozent sinn d'accord, méi an d'Verdeedegung z'investéieren. Just wouhier sollen déi Sue kommen?
Méi fir d'Verdeedegung ausginn, heescht op alle Fall net d'Steierreform opginn, wann een dem Finanzminister nolauschtert. Hien huet betount, déi wier Deel vum Koalitiounsaccord. Et misst esou investéiert ginn, datt et e Retour fir d'Lëtzebuerger Ekonomie gëtt. Dat wier méiglech, well d'Krichsmaterial hätt sech däitlech verännert.
"Dat sinn net nëmme méi Panzer, Helmer a Gewierer. Dat ass och neit Krichsmaterial. Dat sinn Dronen, wou mer kënnen e Retour hunn, dat si Satellitten, GovSat, LUXSEOSys. Mir hate vill Diskussiounen an der Chamber, wou ech mat der fréierer Regierung iwwer de Präis debattéiert hunn."
Eng aner Piste ass an den Aen vum Gilles Roth d'Ofwier vun der Cyberkriminalitéit. Grad d'Finanzplaz wier do groussen Demandeur. De Finanzminister ass zouversiichtlech, datt een déi néideg Sue fir d'Defense zesumme kritt, en Deel iwwer Scholden, mä och en Deel iwwer d'europäesch Investitiounsbank an de Privatsecteur. De fréieren Arméiminister François Bausch ass der Meenung, datt een d'Suen no der Kris net dierf vun de Leit mat de klengen oder de mëttlere Paien zeréckfroen, mä vun deenen Entreprisen, déi an Zukunft gutt verdéngen.
"Do gi Sue verdéngt an engem Ausmooss an dat mat ëffentleche Steiergelder. Dat ass gigantesch. Wann op eemol Iwwergewënner dobäi erauskommen, da muss een dono och kënne mat deenen diskutéieren. Dat kënne mer awer net zu Lëtzebuerg eleng maachen, dat musse mer ganz kloer europawäit maachen, fir ze kucken, datt do en Deel zeréck bezuelt gëtt an e gemeinsaamt Dëppen."
Déi europäesch Defensen oder den ukraineschen Neesopbau mat de russesche Sue finanzéieren, déi agefruer sinn, dat gëtt méi wéi sécher näischt, seet den RTL-Finanzexpert Claude Arendt.
"Dat ass eng extrem komplizéiert Debatt. Elo kënnt ee jo bësse populistesch denken, déi Sue si blockéiert, d'Russe mussen elo fir den Erëm-Opbau an der Ukrain bezuelen. Mir huelen déi elo an ausserdeem entlaaschte mer domadder e bëssen eis Budgeten. Esou einfach ass et leider net. Et ass eng extrem komplizéiert Debatt. Do geet et ëm Staatsreserven, do geet et ëm weltwäit Kapitalfluxen, dat kann een net esou einfach léisen."
De Claude Arend ass awer der Meenung, datt d'europäesch Investitiounsbank e richtege Partner ass.
Wat den Handelskrich mat den USA ugeet, seet de René Winkin, den Direkter vun der Fedil, Europa dierft do net naiv reagéieren, mä misst seng Messere weisen ouni awer Ueleg op d'Feier ze schëdden. Donieft géifen d'USA sech mam Handelskrich selwer vill Schued maachen.
"Hir Industrie wäert dacks net matmaachen, hir Industrie gëtt selwer Affer dovun, well et ass jo iergendeen, deen dat importéiert an taxéiert Produkt keeft, an do sinn nach 3,4,5 Industrien ënnendrënner a schlussendlech lant de Präis beim Endkonsument."
Eis Invitéen
Gilles Roth
Finanzminister (CSV)

Gilles Roth / © Alex Aach
François Bausch
Fréiere Verdeedegungsminister (Déi Gréng)

François Bausch / © Alex Aach
René Winkin
Direkter vun der FEDIL

René Winkin / © Alex Aach
Claude Arend
RTL-Finanz- a Wirtschaftsexpert

Claude Arend / © Alex Aach