E Mëttwoch de Moie war d'Landwirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Et ass am Fong net flott, wann ee gesäit, datt esou e wichtege Beruff vill Problemer huet. Et wier leider wouer, datt de Beruff vum Bauer net méi wierklech attraktiv ass, besonnesch fir Jonker fir Betriber ze iwwerhuelen, dat sot de Marco Koeune e Mëttwoch de Moien als eisen Invité vun der Redaktioun. De President vun der Bauerenallianz huet vu groussen Erausfuerderungen am Secteur geschwat. 
 
Haut ginn et just nach eppes iwwer 1.800 Bauerebetriber, wou knapp 4.600 Leit schaffen. Lëtzebuerg huet ganz staark landwirtschaftlech Wuerzelen. Virun 100 Joer hat all Zweeten eppes mat der Landwirtschaft ze dinn. Haut sinn et just nach 1,8 %, also mol keng zwee Leit vun 100, déi an der Landwirtschaft schaffen. E Bauerenhaff iwwerhuelen, misst méi einfach ginn. Déi jonk Leit solle besser gecoached ginn an d'Ministesch Martine Hansen huet och en Aktiounsplang annoncéiert, fir datt de Generatiounswiessel besser klappt. 
 
Beruff vum Bauer muss "sexy" bleiwen
 
Als Bauer, dee Liewensmëttel produzéiert, stéing een an der Mëtt vun der Gesellschaft, an de Beruff misst weider "sexy" bleiwen. Keng Iwwer-Reglementéierung géif do hëllefen an och eng anstänneg Work-life-balance wier ëmmer méi en Thema.
 
Och wann d'Mechaniséierung d'Aarbecht fir de Bauer méi einfach mécht, wieren d'Erausfuerderungen déi nämmlecht bliwwen, Stéchwuert Wiederkonditiounen, politesch Decisiounen a Reglementatiounen an den Invest. Deene jonke Bauere géif iwwerdeems net d'Bürokratie am meeschte Suerge maachen, mä de Klimawandel.

Fräihandel just mat EU-Standarden
 
Zu Lëtzebuerg hätt een d'Chance, qualitativ héichwäerteg Agrarproduiten ze hunn. Déi héich EU-Standarde missten onbedéngt bäibehale ginn, och wann de Fräihandels-Accord Mercosur mat Südamerika kéim. Den Asaz vun Hormonen oder Antibioticken, wéi en a ville Länner a Südamerika geleefeg ass, géif d'Efforten, déi een hei am Land gemaach huet, soss komplett futti maachen. 
 
De Marco Koeune huet zanter wäit iwwer 25 Joer e Biohaff zu Harel an der Stauséigemeng. Dat wier nohalteg a géif och gutt an eng Géigend passen, wou de Waasserschutz Prioritéit huet. Allgemeng wier d'Bereetschaft fir qualitativ héichwäerteg Produiten am Grand-Duché héich, seet de President vun der Baueren-Allianz.

Invité vun der Redaktioun: Marco Koeune

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.