"Eng relativ Stabilitéit, wat déi laangfristeg Zënsen ubelaangt"
En Donneschdeg de Moie war ënner anerem déi international Wirtschaft Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Wat déi laangfristeg Zënse bei de Privatbanken ugeet, wier mat enger "relativer Stabilitéit" ze rechnen. Dat huet op jiddwer Fall den Direkter vun der Raiffeisen, de Laurent Zahles, en Donneschdeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Hien a seng Bank ginn zwar dovunner aus, datt d’europäesch Zentralbank nach zwou, vläicht esouguer dräi kleng Baissen dëst Joer decidéiere kéint. Op der anerer Säit géingen awer aner Parameteren d’Zënse vun de Privatbanke mat bestëmmen.
Firwat iwwerdroe Privatbanken Zënshausse vun der Zentralbank méi séier bei Kreditter, ewéi op Spuerbicher? "Ech héieren dat do an ech verstinn, datt Clienten heiansdo déi Fro stellen", esou de Laurent Zahles. Den Direkter vun der Raiffeisen huet erkläert, datt wann eng Zentralbank eng Decisioun hëlt d’Privatbanke "verschidde Parametere missten analyséieren" an dat eng Zäitche kéint daueren.
De Laurent Zahles sot awer och, et géing keen direkte Lien tëscht dem Leetzëns vun enger Zentralbank - fir dee Banke kënne kuerzfristeg Sue léinen oder deposéieren - an den Tauxen op variabele Produkter ginn. Déi Tauxe géinge méi vun der "genereller Refinanzéierungspolitik" vun der Bank ofhänken. "Mir hu längerfristeg Kreditter, mir hu längerfristeg Placementer." Dofir wier et och wichteg, datt een d’Konditioune vun de Kapitalmäert kuckt, a wat d’Konkurrenz mécht.
Neibau hätt e Problem wéinst Präis a Vertrauen, mee net wéinst Zënsen
Immobilieprête sinn d’Kärgeschäft vun der Raiffeisen. D’Bank huet festgestallt, datt zanter dem zweete Semester d’lescht Joer bei der Clientèle nees en Interessi do wier, allerdéngs géing dee sech haaptsächlech op bestoend Biene limitéieren. Beim Neibau, Projeten um Plang, de sougenannte Vefa, wier et "méi lues".
Dem Laurent Zahles no misste vill Saache beienee kommen, fir datt dee Marché erëm besser rullt. D’Zënstauxe wieren elo scho méi niddreg ewéi 2023 an 2024 an de Raiffeisen-Direkter huet widderholl, datt déi Tauxen "definitiv" net nach vill wäerten erofgoen. D’staatlech steierlech Mesuren, fir den Investment ze stimuléieren, déi bis Enn Juni verlängert goufen, wieren och interessant.
Mee dat essentielt, dat wier de Präis. "Do muss ee kucken, ob dann och gegebenfalls en Effort méiglech ass, ob en Effort gemaach gouf etc", esou de Laurent Zahles. An dat géing awer dann nees vun all Dossier ofhänken. Wesentlech wier dann och, datt d’Vertrauen an den Neibau zeréckkënnt.
US-Politik: keng Panik erlieft
Wat d’aktuell Decisioune vum US-President a puncto Douanestaxen ugeet, déi wiere schwiereg anzeschätzen, sou de Laurent Zahles. Onsécherheet wier op jiddwer Fall Gëft fir d’Marchéen an och net glécklech fir d’Betriber. Et géing kaum e Gewënner ginn.
Villes géing elo awer och vu Géigemesuren oder vu Verhandlungen ofhänken. Hien hätt awer d’Gefill, datt Clienten, déi investéieren, roueg bliwwe wieren. Et hätt ee keng Panik erlieft.
Reglementär Vereinfachung nach net um Terrain ukomm
D’Reglementatioun, dat mécht de Banken ëmmer erëm Suergen. Et hätt een déi lescht Jore gesinn, datt et definitiv méi komplizéiert gi wier, esou de Laurent Zahles. Och d’Clienteë géinge sech dacks mellen, well se nees nei Dokumenter geschéckt kritt hätten an ufänke géingen, et net méi ze verstoen.
Deemno wier et dem Raiffeisen-Direkter no wichteg, datt d’Banken nees e "bësse Loft" kréichen. A sengen Ae wier eng "risk-based" Approche wichteg an net ëmmer "eppes dropzesetzen". Hien hätt Hoffnung, datt mat der Omnibus-Initiativ vun der zweeter Von-der-Leyen-EU-Kommissioun eppes kéim. Et géing een awer nach drop waarden. Um Terrain hätt een haut nach näischt Konkretes festgestallt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.